De Plateau Dräi Eechele mam Mudam an dem Festungsmusée soll méi einfach accessibel ginn.

Virun allem wann een zu Fouss dohi wëll, muss een no der Rouder Bréck nach en Ëmwee goen, iert een op den Dräi Eechelen ukomm ass. De Fonds Kierchbierg plangt dowéinst eng Passerell, fir dass Foussgänger a Vëloen ofkierze kënnen.

Zanter e puer Woche lafen d'Preparatiounsaarbechten. Am Bësch tëscht der Bastioun bei der Rouder Bréck an den Dräi Eechele stinn dowéinst komesch Pottoen, déi un al Telefonsmasten erënneren. Déi hëlze Konstruktioun gouf extra opgeriicht, fir den Tracé vun der Passerell ze simuléieren.

Déi fäerdeg Bréck soll op 3 Piliere stoen a plazeweis spadséieren d'Foussgänger duerch d'Bamkrounen. A wëll d'Passerell queesch duerch dee klenge Bësch geet, gouf d'Naturverwaltung an de Projet mat agebonnen.

D'Foussgängerbréck gëtt komplett aus Inox, also raschtfräiem Stol, gebaut. Duerch d'Material an den Design soll Bréck selwer zu enger Attraktioun ginn. An där Gréisst ginn et nämlech weltwäit just eng hallef Dose Brécken, déi komplett aus Inox sinn.

Am Hierscht 2021 sollen d'Aarbechten ufänken. Déi eenzel Stecker ginn an engem Atelier virproduzéiert an dann op der Plaz montéiert. Ponts et Chaussées rechent mat enger Bauzäit vun 18 Méint.

Fotoe vun de Gewënner vum Concours