No 56 Joer féiert en Tram also zanter e Sonndeg nees Leit bis op d’Gare.

E wäert d’Stadbild markéieren, esou wéi an er Vergaangenheet d’Autoen, d’Bussen an den éischte Lëtzebuerger Tram.

Am Februar 1875 fiert den éischten Tram zu Lëtzebuerg. Vu Päerd gezunn, féiert en d’Leit vun der Gare eriwwer an d’Stad bis bei de Roude Pëtz. Et ass dat 1. ëffentlecht Verkéiersmëttel, dat méi Leit sech och leeschte kënnen. Mat senge Schinnen an der Strooss an den Tramsarrêtë verännert d’Stadbild sech.

1908 ginn d’Päerd vum Elektrotram, dem sougenannte Pierchen ersat. All 7 Minutte fiert en Tram op der Gare fort. De Reseau gëtt ausgebaut. Fir d’éischt bis op de Lampertsbierg, duerno bis op d’Dummeldenger Schmelz.

An den 30er Jore gi Beggen, Neiduerf, Hollerech, Bouneweg, Märel, Rollengergronn a souguer Heeschdref un den Tramsreseau ugebonnen. Den Tram verbënnt de Stadkär mat der Peripherie, wäert esou Quartieren op. A spillt eng Roll an der Strukturéierung vun der Stad Lëtzebuerg.

Zur selwechter Zäit kommen awer och grouss Bussen op de Maart. Déi vill Leit transportéiere kënnen a méi flexibel agesat kënne ginn, wéi de Pierche mat sengem fixe Schinnennetz.

1964 fiert de Elektrotram säi leschten Trajet. Vu Walfer op d’Theaterplaz. Hie passt net méi an eng Stad, wou ëmmer méi Autoen ënnerwee sinn. Trëttoire si scho mi kleng ginn, niewendru kënnen elo Autoe parken. A Busser bäifueren.

Deemools hätt wuel kee geduecht datt mol keng 30 Joer mi spéit eng ASBL sech grënnt mam Zweck fir de Comeback vum Tram ze fuerderen.

Et sollte vill Diskussioune, Etüden an aner Mobilitéitsiddien op den Dësch kommen, bis den Tram sech definitiv duerchsetzt. A schlussendlech 2017 säi Retour zu Lëtzebuerg feiert. Déi Kéier mam Numm Siggy.

Als Schlësselelement vun der Multimodalitéit soll den Tram vum 21. Joerhonnert hëllefen, déi uerg Verkéiersproblemer an a ronderëm d’Stad ze léisen. D’Passagéier un di wichtegst Garen, Haapt-Buslinnen a Park and Riden ubannen. An hëlt domadder seng Revanche um Auto, dee vu munch engem ëmmer manner erwënscht ass.

Verstäerkung dierft de Siggy an Zukunft och nach vun engem séieren Tram kréien. Mat Vitesse bis zu 100 Km an der Stonn soll en d’Stad Lëtzebuerg mat der Stad Esch verbannen a bis 2035 souguer Bieles ufueren.

Dat ass mol de Plang.