Aus dem Joer 1952 ass déi al Patton Bréck. Si entsprécht net méi den aktuelle Besoinen. Dofir entsteet direkt niewendrun déi fuschnei Bréck.

Enn 2018 hunn d'Aarbechten ugefaangen. Am Ufank vum Fréijoer d'nächst Joer si se ofgeschloss.

Ronn 15.000 Gefierer benotzen all Dag d'Patton Bréck. Nom Lockdown am Fréijoer hunn d'Bauaarbechte vun der Bréck den 20. Abrëll nees ugefaangen. De Retard, deen duerch d'Eroffuere vun den Aktivitéiten entstanen ass, konnt awer opgefaange ginn. 170 Meter laang a 16,5 Meter breet ass déi nei Patton Bréck.

D'Achs Ettelbréck-Dikrech ass eng wichteg Verbindungsstrooss. Zil vun der neier Bréck ass och fir spéider den Zentrum vun der Nordstad z'entlaaschten. De Garer Quartier soll autofräi ginn. Eng Spuer méi huet déi zukünfteg nei Bréck, also 3. Déi zousätzlech Spuer ass fir de Bustrafic. Sou kann een de Stau evitéieren.

D'N7 verleeft spéider ënnert der Ettelbrécker Gare erduerch. Déi aktuell Patton Bréck gëtt ëm Ouschteren 2021 ofgerappt. De Projet vun der neier Bréck kascht 17,5 Milliounen Euro.