Um Sonndeg gouf d'Bändchen a Presenz vum Grand-Duc Henri, dem zoustännege Minister an der Stater Buergermeeschtesch duerchgeschnidden.

Déi nei Tram-Streck tëscht der Stäreplaz an der Gare gouf domadder feierlech ageweit. Déi aktuell Streck vum Tram ass elo 8 Kilometer laang an huet 15 Statiounen. Hamilius, Place de Metz, Paräisser Plaz a Gare Centrale heeschen déi nei. Bis Enn 2022 fiert dann en direkten Tram bis bei de Lycée Bouneweg.

Eng Ekipp vun RTL war e Méindeg op déi nei Arrête kucken, wéi vill Leit dervunner profitéieren an huet mat enger Band geschwat, déi extra fir den Tram e Lidd geschriwwen huet.