D'EU huet déi geplangte Megafusioun tëscht dem Opel-Mammekonzern PSA a Fiat Chrysler (FCA) accordéiert, wann och ënner Konditiounen.

Béid Konzerner wieren de Konditiounen nokomm, fir weiderhin e faire Marché z'erméiglechen, sou d'EU-Kommissiounsvizepresidentin Margrethe Vestager e Méindeg. Domat wier dat de véiertgréissten Automobilkonzern op der Welt.

Virum Zesummeschloss gouf et d'Bedenken, dass d'Fusioun de Concours bei liichten Notzgefierer an 9 EU-Länner beanträchtege kéint. An der Belsch, Frankräich, Griichenland, Italien, Litauen, Polen, Portugal, Slowakei an Tschechien hu PSA a FCA immens vill an héich Maartundeeler.

Fir dës Bedenken aus dem Wee ze raumen, huet PSA ënner anerem ugebueden, d'Zesummenaarbecht mat Toyota z'erweideren. Si wäerten deemno méi bëlleg fir d'Japaner produzéieren an an der EU verkafen. Zum aneren hu PSA a FCA zougesot, datt Konkurrenten méi e liichten Zougang zu hire Vertragsgaragisten kréien.

Déi franséisch PSA baut nieft Opel d'Marke Peugeot an Citroën. FCA huet nieft Fiat nach Jeep, Maserati, Alfa Romeo, Dodge a Ram an hirem Portfolio.