De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 5,4 Cent erop op dann 1,047 Euro de Liter.

Eng änlech Hausse gëtt et beim Bensin. De Liter 95er gëtt ëm 5,1 Cent méi deier a kascht dann 1,129 Euro de Liter. Beim Liter 98er geet de Präis ëm 5,4 Cent erop op dann 1,194 Euro de Liter.

Da geet den Äerdgas ëm 3,8 Cent an d'Luucht, op dann 0,733 Euro de Kilo.

Beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) ass et eng Hausse vu 5,7 Cent op 0,525 Euro de Liter. De schwiefelaarme Masutt (50ppm) gëtt 6,9 Cent méi deier. Do kascht de Liter vun Hallefnuecht un 0,525 Euro de Liter.

Grond fir dës Hausse ass ënner anerem d'CO2-Tax, déi jo vu Mëtternuecht un op all d'Pëtrolsproduiten dobäi kënnt.