E schwéiert Joer läit och hannert der Autosbranche. Zejoert waren d'Showroome vun de Garagë wochelaang zou an d'Ventë staark ageschränkt.

Dëst Joer hofft een op ee bessert Joer. Et wäert och een Autofestival ginn - tëscht dem 25. Januar an dem 8. Februar - mee ënner strikte sanitäre Moossnamen.

Eppes, wat am Secteur festgestallt gëtt ass, dass och a Corona-Zäiten d’Nofro bei den Elektroautoen däitlech geklommen ass. Wéinst der Corona-Kris war 2020 e schwéiert Joer fir d’Garagisten. Fir d’éischt goufe se gezwongen, vum 15. Mäerz bis den 11. Mee zouzehunn. Du war et nees d'Opmaache vun de Showroomen, grad ewéi d'Reprise vu Verkeef a Liwwerungen. Zejoert goufen dann och manner Autoe verkaaft, esou d’Autosfederatioun.

Den Autofestival wäert dëst Joer stattfannen. D’Evenement wäert awer net esou oflafen ewéi gewinnt. Den Autofestival wäert ënner strikte sanitäre Reegelen oflafen. ewéi enger Maskepflicht, Desinfektiounsspender a Plexiglas-Trennmaueren.

Wéi et heescht hätt sech awer d’Kafverhale rezent geännert. D’Leit géife méi zécken, fir een Auto ze kafen.

Der Autosfederatioun no wieren d'Ventë vun Hybriden, Plug-In-Hybriden an Elektrogefierer zejoert staark ugezunn. D'Kategorie vun de sougenannten elektrifizéierte Gefierer hunn zejoert am Ganze ronn 20 Prozent vun de Venten ausgemaach, bal 3 Mol sou vill wéi nach 2019. D’Nofro un Elektroautoen klëmmt.

Natierlech spillen do déi staatlech Primmen eng grouss Roll. D'Vetrieder vun der Autosbranche hoffen, datt dës iwwert de leschte Mäerz eraus verlängert ginn.