De Maximalpräis fir de Liter 98er geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 2 Cent erop op 1,244 Euro de Liter.

Och de Präis vum 95er klëmmt ëm 1,6 Cent de Liter op dann 1,176 Euro de Liter.

Beim Mélange 2-T ass et eng Hausse vun 2 Cent. Dëse kascht dann 1,767 Euro de Liter.

Vun en Dënschdeg an e Mëttwoch un huet een op der Pompel scho méi déif missen an d'Täsch gräifen. De 98er an de 95er waren et 3, respektiv 3,1 Cent de Liter, den Diesel ass et Mëttwoch mat 2,2 Cent nogezunn.