Wéi d'CFL e Méindeg de Moien um kuerz no 8 Auer matgedeelt hunn, gouf et an de Moiesstonnen een Accident op der Zuchlinn 90.

D'Zuchverbindung war wéinst dem Tëschefall tëscht Beetebuerg an Diddenuewen ënnerbrach, dëst hat och Repercussiounen op d'Circulatioun tëscht Lëtzebuerg an Diddenuewen. A béid Richtunge goufen Ersatzbusser agesat.

Wéi d'Police confirméiert huet, gouf et op der Héicht vun Diddeleng en Aarbechtsaccident, woubäi een Aarbechter vun den CFL blesséiert gouf. D'ITM, de Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz an eng Enquête gouf lancéiert. De Mann ass an d'Spidol bruecht ginn.

Schreiwes vun den CFL

Suite à un incident nécessitant l’intervention des services de secours à Bettembourg-frontière, la circulation ferroviaire sur la ligne 90 entre Bettembourg et Thionville est interrompue, ayant des répercussions sur la circulation entre Luxembourg et Thionville. Des bus de substitution sont mis en place.

Aucune donnée n’est disponible quant à la durée de la perturbation. Conscients des désagréments causés, les CFL invitent les voyageurs à consulter le site www.cfl.lu, ainsi que l’application CFL mobile pour de plus amples informations quant aux horaires et alternatives de circulation.