An de leschte 4 Joer, also zanterdeem den éischte fixe Radar hei am Land an den Asaz koum, ass d'Zuel vun Doudegen a schwéier Blesséierten erofgaangen.

Dat schreift de grénge Mobilitéitsminister François Bausch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Lamberty an Hahn.

2016 hunn zu Lëtzebuerg 32 Mënschen hiert Liewe bei engem Verkéiersaccident verluer, 2019 waren et 22. Fir 2020 géifen nach keng definitiv Zuele virleien. Haaptursaach vu schwéieren Accidenter wier eng ze héich Vitess. De Réckgang vu schroen Accidenter wier net eleng op déi fix Radaren, ma op en Zesummespill tëschent dësen, mobille Kontrolle vun der Police a Chantiersradaren zréckzeféieren, esou de Minister. D'Chauffere géifen iwwerall riskéieren, kontrolléiert ze ginn, an dat hätt en Impakt op d'Fuerverhalen.

Radaren / Rep. Fanny Kinsch

Am Allgemenge géifen d'Chauffere sech virun an hannert de fixe Radare besser behuelen, sou de Mobilitéitsminister. Op deene meeschte Strecken, op deene fix Radaren installéiert goufen, Strecken, déi bis dohinner als besonnesch geféierlech gegollt hunn, hätt d'Situatioun sech verbessert, esou eng Analys vun November 2019. Bei de Radare beim Pläitréngerhaff a beim Schlammesteen hätt ee keng Verännerung festgestallt an um Niderterhaff hätt d'Situatioun sech verschlechtert.

D'Zuel vun Infraktiounen ass och bei deene meeschte Radaren erofgaangen. Zu Duerscht goufen zum Beispill 2017 nach bal 11.500 Leit geblëtzt, waren et der 2020 nach ronn 5.600. De Mobilitéitsminister ass och zefridde mam Impakt vum neie Streckeradar zu Gonnereng, deen e wesentlechen Impakt op d'Zuel vun Infraktiounen hat. De Radar ass am Juni 2020 a Betrib gaangen. Am Juli 2020 goufen et zum Beispill nëmmen hallef esou vill Protokoller hei wéi dat Joer virdrun, an et ware souguer manner wéi een Drëttel sou vill wéi 2018.