Nieft der Stäreplaz sollen och an der Hollerecher Strooss an um Schlammestee sougenannte Rout-Luucht-Radaren installéiert ginn.

Dat sot de Mobilitéitsminister François Bausch den Donneschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun. Hei gouf den Text presentéiert, mat där eng legal Basis fir dës Radare geschaaft gëtt.

Mat de Rout-Luucht-Radare gëtt net nëmmen d’Vitesse kontrolléiert, mä och ob eng Persoun duerch Rout gefuer ass. Wann een duerch Orange fiert, gëtt een net geblëtzt, esou de Minister.

De Rout-Luucht-Radar op der Stäreplaz soll Enn Februar a Betrib geholl ginn, dat deementspriechend Gesetz gëtt viraussiichtlech ugangs Februar an der Chamber gestëmmt.