D'Elektromobilitéit hëlt zu Lëtzebuerg ëmmer méi zou. Domadder klëmmt och d'Demande, fir privat Bornen z'installéieren, fir d'Ween doheem opzelueden.

Ënnert anerem a Garagë vun Wunnhaiser. Dobäi spillen d'Präisser an d'Modeller vun de Bornen eng wichteg Roll. Donieft kënnen d'Leit beim Kaf vun enger Borne vu Primme profitéieren.

Zesumme mat der Fédération des artisans huet Enovos d'Plattform mydiego.lu geschaaft, fir d'Installatioun vun Elektrobornë bei private Clienten z'erliichteren. Sech eng Borne doheem installéiere loossen, kascht tëscht 1.700 an 2.800 Euro. D'Installatioun gëtt vun engem Elektriker iwwerholl. Et ginn awer verschidde Modeller.

D'Bornen hunn eng Leeschtung vun 11 Kilowatt. D'Bannent 5 bis 7 Stonne kann een den Auto komplett oplueden. Donieft ginn et Subventioune beim Kaf vun enger Borne. Hei gëtt et eng finanziell Ënnerstëtzung vu bis zu 750 Euro fir eng normal Borne oder 1.200 Euro fir d'Installatioun vun enger intelligenter an engem Eefamilljenhaus. Ongeféier 50 Prozent vun de finale Käschten.

Och d'Garagë bidden de Clientë Bornen un, déi doheem vun engem Elektriker kënnen installéiert ginn. D'Ventë vun Hybriden, Plug-In-Hybriden an Elektrogefierer ass zejoert staark ugezunn. D'Kategorië vun de sougenannten elektrifizéierte Gefierer hunn zejoert am Ganze ronn 20 Prozent vun de Venten ausgemaach, bal 3 Mol sou vill wéi nach 2019. D'Nofro un Elektroautoen ass geklommen.

Natierlech spillen do déi staatlech Primmen eng grouss Roll. D'Vetrieder vun der Autosbranche hoffen, datt dës iwwert de leschte Mäerz eraus verlängert ginn.