Wéi kann een evitéieren, datt kleng Kanner am Won vergiess ginn an, am schlëmmste Fall, zum Beispill duerch en Hëtzschlag, ëm d'Liewe kommen?

Eng Lëtzebuerger Entreprise, spezialiséiert op Autossensoren, huet elo e System entwéckelt, deen dat soll evitéieren. Deen éischte weltwäit. Per Radiowelle kann dëse Radar d'Presenz vun engem Kand am Auto erkennen. D'Erausfuerderung ass awer, e Kand z'erkennen, dat schléift. Dofir hunn d'Entwéckler vill missten testen. Natierlech net mat richtege Bëbeeën.

Dofir konnt de Peter Larsen eis am Labo weisen, wéi de System am reellen Alldag funktionéiert. Den Auto ass zougespaart. D'Kand gouf vergiess. Duerno ass et en Zesummespill tëscht dem neie Sensor an dem Won. De System bitt awer keng Legitimatioun, seng Kanner am Auto ze loossen. An dat ass séier geschitt. D'mënschlecht Gehier fält gären a Routinnen zeréck. Bei Changementer geschéie Feeler. An den USA kommen an der Moyenne 39 Kanner op déi Manéier ëm d'Liewen, well se am Auto vergiess goufen.

De System vun der Lëtzebuerger Entreprise wëll dat verhënneren. Een asiatesche Produzent baut de System schonn optional a seng Ween an. D'Entwéckler hunn als Zil, dass hire Produit serieméisseg an den Ween agebaut ass. Si hoffen, dass de System mëttelfristeg fir all Auto obligatoresch ass.