Wann d'Streck tëscht der Stad an der Bréisseler Gare emol bis fäerdeg ass, da soll den Trajet just nach zwou Stonnen daueren.

Et ass net bannent den nächste Joren dermat ze rechnen, datt sech vill un der laanger Zuchrees tëscht der Stater Gare a Bréissel wäert änneren. Dat liest een aus der Äntwert vum Mobilitéitsminister Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen eraus.

Deemno wier de Gleis-Chantier vun der belscher Bunn op der belscher Säit vum Trajet staark hannendra geroden, sou datt et dem Minister Bausch no, esouguer geheescht hat, datt e sech bis 2030 kéint zéien.

Duerfir och d'Propos un d'Bréisseler Regierung, datt de Chantier soll mat EU-Sue méi séier viru gedriwwe ginn - deen Accord läit awer natierlech nach net vir.

Gedreemt ginn dierf awer: wann d'Streck tëscht der Stad an der Bréisseler Gare enfin iergend eng Kéier emol fäerdeg ass, soll et just eng zwou Stonne laang daueren, fir datt d'Stad mat Bréissel via d'Schinn verbonnen ass.