Fir déi eng ass den Auto just een Transport-Mëttel fir vun A op B ze kommen. Fir d’Carmen, de Carlos an de Goy ass et awer méi wéi dat.

Den Auto ass hiren Hobby. En Hobby, dee sech eventuell un eng elektresch Zukunft upasse muss. An Norwegen zum Beispill dierfe scho vun 2025 un keng Verbrenner méi verkaf ginn. Fir 2030 plangen dann ënner anerem och England, Holland an Dänemark hiren Ausstig. Meä wat bedeit dat da fir Hobbyschrauwer, Course-Fuerer oder Oldtimer-Sammler? D’Vidosava Kuzmic huet mat dräi Autos-Passionnéierten iwwert hiren Hobby an d’Konsequenze vum E-Trend geschwat.

Carmen de Haan

Schwätzt een e puer Minutte mam Carmen De Haan, mierkt ee séier, dass een et mat engem richtegen Autosgeck ze dinn huet. Net nëmmen huet déi jonk Fra 5 Autoen, mä am Léifste schrauft si och selwer drun. D’Passioun fir Autoen hätt sech bei hir mat der Zäit entwéckelt. Ma schonn als Kand war si ëmmer méi mat Jongen ënnerwee, erzielt d’Carmen. An zesumme mat sengem méi jonke Brudder huet si schonn am Teenie-Alter mat engem Auto ronderëm gespillt.

Meng Mamm hat een alen Opel Corsa. A wéi deen ausrangéiert gouf, krute mir deen, fir ze spillen. Mir hu vill dru gebastelt. Mir haten deen an der Wiss waarm gefuer, do ass ee Kühlerschlauch geplatzt. Mir haten natierlech keng Anung, mir hunn einfach e Stéck vun engem Waasserschlauch ofgeschnidden a rëm drop, a virun.

Saachen, déi déi geléiert Mecanicienne haut net méi géing maachen. Ma och wa si mëttlerweil een anere Beruff huet, ass d’Schrauwen eng Passioun bliwwen. Well selwer maachen ass méi interessant wéi eppes Fäerdeges kafen, esou d’Carmen. Mat sengem Golf 1, un deem si méi wéi zwee Joer gebastelt huet, fiert d’Carmen reegelméisseg un de Wörthersee, op eent vun de weltwäit gréisste VW-Treffen. An och an déi eng oder aner Zäitschrëft huet d’Carmen et mat sengem Auto gepackt. Mä léisst sech deen Hobby dann och mat Elektro-Autoen vereenbaren, déi awer ëmmer méi um Kommen sinn?

Ech denken als Alldags-Auto wär et duerchaus plausibel, fir iergendwann ëmzesteigen. Fir den Hobby wäerte meng al Autoe bleiwen. Et gëtt natierlech ëmmer méi schwiereg. Et gëtt een net esou gutt ugesinn, mat deenen alen Autoen. (...) An der Tunings-Welt denken ech, dass iergendwann och do d’Leit sech wäerten upassen, fréier oder spéider.

Och wann et fir Hobby-Schrauwer ëmmer méi komplizéiert gëtt u modernen Autoen ze schaffen, ass d’Carmen iwwerzeegt, dass d’Tuner hire Wee scho fanne wäerten, fir sech och mat E-Autoen z’ameséieren.

Goy Feltes

Iwwer d’Zukunft vu sengem Hobby muss och de Goy Feltes sech eventuell Gedanke maachen. De pensionéierte Luxair-Kapitän ass nämlech leidenschaftlechen Oldtimer-Sammler. Eng Passioun, déi scho 45 Joer zeréckgeet. Ugefaangen huet alles mam éischte Motorrad am Alter vu 16 Joer. Ee Joer drop koum du schonn deen éischten Auto: een ale Chevrolet, deen hie rëm an d’Rei bruecht huet. An esou huet sech iwwer d’Joren eng impressionant Sammlung opgebaut. Dat spannendst fir hien ass dobäi d’Geschicht an d’Evolutioun vum Auto.

Den Ament ass seng Kollektioun nach am Wanterschlof. Ma am Summer fiert de Goy bal all Weekend mat sengen Autoen eraus.

Mir hu jo Benzin am Blutt. Mir freeën eis, fir Auto ze fueren! Wann mir iergendwou hi wëllen: ‘Oh jo, lo kann ech den Auto huelen. An dann dréine mer e vir, e geet un, et lauschtert een: ass alles an der Rei?’. Dat ass Begeeschterung, fir Auto ze fueren! An ech mengen, dat geet hautdesdaags bësse verluer well déi Autoen all d’selwecht sinn a méi als Bewegungsmëttel geholl ginnwéi Begeeschterung, fir Auto ze fueren.

Wat den Trend zur Elektro-Mobilitéit ugeet, esou wier de Goy Feltes net ofgeneigt, sech ee modernen elektresche Sportswon zouzeleeën. Eng aner Méiglechkeet fir Fans vun alen Autoe wier et, een Oldtimer op Elektro ëmzerëschten. Ma vun där Iddi ass de Goy net begeeschtert. Him geet et nämlech drëm, de Leit, déi Mécanique vu fréier ze weisen. Et gëtt eben keng Zukunft ouni Vergaangenheet. Vun dohier mécht et fir de Goy net vill Sënn, een Oldtimer ëmzebauen. Dovunner ofgesinn géing esou een Agrëff een enorme Wäertverloscht bedeiten, vue dass den Auto net méi a sengem Original-Zoustand wier.

Mee villäicht bleift dat an enger grénger Zukunft awer déi eenzeg, Méiglechkeet fir weiderhin mat engem Oldtimer op der Strooss fueren ze dierfen. Dat ass nämlech déi gréisste Suerg vu villen Oldtimer-Besëtzer: ee Fuerverbuet. A villen europäesche Stied ginn et schonn esou genannt “Ëmweltzonen” wou verschidde Gefierer, jee no Ofgasnorm, net méi erandierfen, mam Zil, d’Loftqualitéit ze verbesseren. An däitsche Stied gëtt et awer zum Beispill Ausname fir Oldtimer. A Frankräich, wou dëst Joer eng Rëtsch Ëmweltzonen dobäi kommen, decidéiert all Stad selwer iwwer eventuell Derogatioune fir Oldtimer. Ma nach ass ongewëss, wouhin d’Rees geet.

De Goy denkt op alle Fall net, dass et an noer Zukunft zu engem Fuerverbuet fir Oldtimere kënnt. “Et ass 0,01% vu Kilometere wat weltwäit Oldtimer fueren. Also déi kleng Freed, mengen ech, déi bleift eis.

Carlos Rivas

An der Oldtimer-Zeen léisst de Wandel vläicht nach op sech waarden. Ma an der Motorsport-Welt ass den Elektro-Auto schonn ukomm. Wéi zum Beispill an der Formel E. Beim däitsche Carrera Cup dogéint kritt een nach deen typesche Sound vu bal 500 PS staarke Boliden ze héieren. Esou ee fiert och de Lëtzebuerger Motorsportler Carlos Rivas. An dat nawell zimmlech erfollegräich. An der Amateur-Kategorie konnt hie schonn déi eng oder aner Coupe mat Heem bréngen.

D’Vitesse hat de Carlos schonn ëmmer am Blutt, ma eréischt mat 35 Joer huet hie sech an d’Aventure vum Motorsport gestierzt. Dat nodeems hien duerch een Autos-Club déi éischte Kéier op engem Circuit konnt matfueren. Vun do un ass hie vum Virus gepaakt, wéi hien seet.

Et ass jo net nëmmen am Krees fueren, well wann een dat vun uewen kuckt, ass ee jo am Fong just am Gaang am Krees ze fueren. Mä dat hei ass wierklech eng ganz Aarbecht hannendrun, souwuel sportlech wéi och mental. Wat eben d’Erausfuerderung ass, ass fir erauszefannen, firwat een eppes erreeche kann oder net, oder wéi een et erreeche kann. An dat ass wéi gesot an engems heiansdo frustrant awer genau dat, wat een dann awer rëm sicht.

Privat fiert de Carlos nieft enger Rennmaschinn och een elektresch bedriwwenen Auto. An de Coursë wéilt hien awer nach net op Elektro ëmsteigen. Et wier nach ze fréi, an d’Technik nach net genuch entwéckelt. An awer gesäit hien och Virdeeler an der Formel E, wéi zum Beispill manner Contrainte wéinst Kaméidi oder Naturschutz, wouduerch een och a Stied fuere kann. Mä a sengen Aen feelt bei den E-Coursen eppes ganz Wichteges: d’Emotiounen.

Wann Elektro-Coursë sinn wéi bei enger Formel E dann ass dat éischter gekoppelt un d’Technik. Do kann ech mer virstellen, dass et interessant ass, wann een d’Leit abënnt via App, voilà dat gëtt am Fong sou een GoKart Mario, awer live. Mä dann ass dee Moment de Mënsch, de Pilot am Elektro-Auto net méi grad sou wichteg wéi bei enger klassescher Course, géif ech mol mengen.

Mir hale fest:

Eis Interviewpartner wëllen zwar allen Dräi esou laang et geet hir Verbrenner bäibehalen, sinn awer oppe fir nei Technologien. Gesi si hir Passioun duerch déi elektresch Zukunft a Gefor? Nach net. Mä Ännerunge wäerte wuel fréier oder spéider op eis all duerkommen.