Dat lescht Joer iwwer hu vill Awunner zu Paräis hir Gewunnechte geännert. Zum Beispill ware 65% méi Cyclisten op de Vëlospisten ënnerwee.

Déi sanitär Kris huet d'Ekonomie op d'Kopp geheit. Ee vun de wéinege Secteuren, déi vun der aktueller Situatioun profitéieren, schéngt d'Vëloswelt ze sinn.

De Coronavirus huet iwwerall an Europa d'Entwécklung der nohalteger Mobilitéit acceleréiert. An der Stad Lëtzebuerg hunn 38% méi Leit de vel'OH! benotzt wéi dat Joer virdrun. Zwee Méint nom éischte Confinement ass bei der Frequentatioun vun de Vëlospisten eng Hausse vun 107% festgestallt ginn. Zu Paräis hunn d'Leit och hir Gewunnechte geännert, fir sech fortzebeweegen. Op de Vëlospisten huet ee 65% méi Cycliste gezielt. D'Gemeng Paräis huet op dës Begeeschterung fir den Drotiesel reagéiert an temporär sougenannte "Corona-Pisten" fir d'Vëlosfuerer agezeechent. 10.000 Passagen den Dag sinn op verschiddene gemooss ginn. Déi bekannte Rue de Rivoli, am Häerze vu Paräis, huet sech zur drëtt-meeschtbefuerener Vëlospist an Europa entwéckelt.

D'Begeeschterung fir de Vëlo gëtt vun der nohalteger Politik gefërdert. D'Paräisser Buergermeeschtesch huet als Objektiv, dass de Vëlosgebrauch sech nach weider entwéckelt a vun aktuelle 7% vun den Deplacementer op 10% klëmmt. Dat grousst Zil ass et, d'Stad Paräis zu 100% cyclabel ze gestalten.