De Maximalpräis fir de Liter 95er geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 2,2 Cent erop op dann 1,198 Euro de Liter.

Den 98er geet ëm 2,6 Cent de Liter an d'Luucht op elo 1,270 Euro de Liter.

Donieft gëtt et eng Hausse vun 2,3 Cent beim schwiefelaarme Masutt (50ppm) op 0,569 Euro de Liter.