Op der Lëtzebuerger Gemeng koum et déi lescht Deeg zu Diskussiounen iwwert d'Foussgängersécherheet an der Stad.

En Zeitungsartikel hat e Mëttwoch geschriwwen, dass en Audit vun 2015 zu deem Sujet zanterdeem net méi bekuckt gouf. Déi Lénk hunn direkt reagéiert a werfen der Majoritéit vir, hir Flichten z'ignoréieren.

Ze enk Trottoiren oder ze kleng Foussgängerinsele matten an der Strooss: Et géife vill Punkte ginn, déi ee fir méi Sécherheet ännere misst. Hätt een den Audit vun 2015 berécksiichtegt, hätten eng Partie Ännerunge schonn kënne gemaach ginn, sou d'Oppositioun.

Guy Foetz, Gemengerotsmember, Déi Lénk Stad: "Mir hunn den Tramsystem lo hei agefouert an et hätt misse profitéiert ginn, fir mat dem Chantier eng ganz Partie Neierungen ze maachen. Dat ass net geschitt. Dir musst Iech lo virstellen, en neien Foussgängersträifen ze amenagéiere mam Luuchtesystem kascht ronn 50.000 Euro. Gi mer dann lo rëm hin a verännere rëm lauter Saachen?"

Doduerch, dass d'Gemeng net op den Audit vun 2015 reagéiert hätt, hätte se hir Flicht fir d'Sécherheet vun de Bierger ze suergen, vernoléissegt, schreiwen déi Lénk.

De Verkéiersschäffe vun der Gemeng Lëtzebuerg verséchert awer, den Audit gouf weder vergiess, nach verstoppt.

Patrick Goldschmidt, Verkéiersschäffe Gemeng Lëtzebuerg: "Mir hunn deen Audit deemools gemaach, net als Sécherheet-Audit, mee wierklech fir ze kucken, wat kënne mir alles nach besser maachen. 100 Prozent Sécherheet gëtt et ni, mee mir mengen awer, dass wat de Foussgänger ugeet, dass mir eng sécher Stad sinn. Dat heescht awer net, dass net mol eppes ka passéieren an et gi mat Sécherheet och vill Beräicher, wou mir mussen nobesseren, wat jo an deem Auditsrapport stoung."

Den Audit iwwert d'Foussgängerweeër aus dem Joer 2015 soll zu engem neie Verkéiersentwécklungsplang bäidroen.

Patrick Goldschmidt:
"Mir hunn an deene 15 Joer virdrun zwee Vëloskonzepter ausgeschafft plus ee Foussgängerkonzept. Dat ass ëmmer nëmmen eendimensional aus der Siicht vum Vëlo gekuckt ginn, aus der Siicht vum Foussgänger, wat och immens wichteg war fir d'Stad, mir hunn déi Elementer. Lo war et eis wichteg, fir iwwert déi nächst Joren e Verkéiersentwécklungsplang opstellen ze loossen, deen och d'Konsequenzen analyséiert: Wat bedeit dat, wann ech deem enge méi ginn, wat ass d'Konsequenz op deen aneren."

Dëse Plang hätt d'Zil, dem Foussgänger a dem Vëlo herno méi Plaz an der Stad ze bidden. Domat sollen d'Weeër fir béid Gruppen dann och nach méi sécher ginn.