De Parking gëtt op 4 Etagë gebaut, kritt 2.000 Plazen a 50 elektresch Bornen. Et kënnt och eng m-Box fir Vëloen an eng Velo’OH-Station gëtt installéiert.

De Käschtepunkt läit bei 74 Milliounen €. Mëtt 2023 soll de Park and Ride fäerdeg sinn. Vum neie Parking aus kënnen d'Leit de Bus an den Tram huelen. Deen Tram soll am Hierscht 2023 bis op d'Cloche d'Or fueren.

© Beng Architectes Associés