Zesumme mam gratis ëffentlechen Transport gouf et zejoert eng Ännerung a Saachen Adapto.

Adapto ass e Service fir Leit mat engem Handicap, deen irreversibel ass, physesch oder mental, onofhängeg vun hirem Alter. Fir och dee Service kënne gratis unzebidden, huet e misse reforméiert ginn, sou déi Responsabel aus dem Transportministère. Et goufe méi streng Krittäre gutt geheescht, déi ugangs awer wéinst Covid bis Enn lescht Joer ausgesat goufen. Am Kloertext heescht dat, dass Persounen, déi net ënnert déi nei Adapto-Krittäre falen, weider vum Service profitéiert hunn. Eng Decisioun, déi elo esouguer bis Enn vun dësem Joer gëllt.

Also nach eng Kéier: Den Adapto ass e Mini-Bus, deen ee gratis heem siche kënnt, anzwousch hi féiert an nees Heem bréngt. Egal wéi al een ass – erof bis bei Kanner vun 12 Joer un - awer nëmmen, wann een en Handicap huet, dee net méi ewechgeet. Do gouf a gëtt et och haut nach d'Konfusioun, et wier e Service och fir eeler Leit – ouni Handicap. D'Reegele waren net streng genuch, d'Konditiounen, fir dee Bus kënnen ze bestellen, ze vag, seet eng Concernéiert, déi Member ass vun der Reform-Kommissioun.

Extrait Tessy Wies

Mëttlerweil kann een och iwwer App kéint reservéieren, 15 Mol am Mount fueren, mat Flexibilitéit op d'Joer gekuckt.

Covid huet déi ganz Reform e Stéck gebremst a verkomplizéiert, mee se wier néideg, trotz Verlängerung vun deene méi tolerante Reegelen. Eng schlecht Datebank mat Dausende Leit.

All eenzel Demande géif genee kontrolléiert ginn. Déi Leit, déi den neie Krittären net méi entsprach hunn, konnte bis Enn 2020 bleiwen, eng ronn 100 kruten eng definitiv Kaart, déi aner hunn nach Zäit bis Enn 2021.

Den Transportministère offréiert iwweregens just den Adapto, well et wier e Complement zum ëffentlechen Transport. Fir déi eeler Leit, déi nach mobil sinn - ouni Bengel oder Krätsch - wier u sech de Familljeministère responsabel.