Wéi d'Modalitéiten ausgesinn, ass awer nach ëmmer net gewosst.

De Vëlosverkaf boomt a Coronazäiten, d’Vëlosprimm vun der Regierung soll dann och nom 31. Mäerz verlängert ginn. Dat äntwert d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen an Nancy Kemp-Arendt.

Wéi déi genee Modalitéiten ausgesinn, ass nach ëmmer net gewosst. Den Ëmweltministère wëll an den nächste Wochen dem Regierungsrot eng Propos maachen. Rieds geet an der Äntwert awer vun „attraktive“ Primmen.

Op eng parlamentaresch Fro vum Max Hahn am Oktober 2020 gouf et och schonn d'Äntwert, dass wäert verlängert ginn, ma dass een nach net weist, wéi d'Modalitéite wäerte sinn.

Zanter dem Mee zejoert kritt ee bis zu 600€ oder 50% beim Kaf vun engem neie Vëlo oder Pedelec (also engem Vëlo mat Motor) zeréck. Och bei Kannervëloen.