Duerfir sinn iwwert d'Joer verdeelt Strecken-Deeler zou, respektiv gi Bussen agesat, wou keng Zich zirkuléieren.

Grouss Chantiere sinn d'Renovatioun an den Ëmbau vun der Stater Gare an de Garen zu Rodange, Ettelbréck a Miersch grad wéi de Bau vun engen 3.800 neie Parkinge bei de Garen.

D'Stater Gare ass um Punkt vun der kompletter Saturatioun ukoum, mat engen 1.000 Zich, déi all Dag hei ukommen oder fortfueren.

Sou gëtt och weider un der neier Gare Houwald gebaut, déi nach besser un de Ban de Gasperich ugebonne gëtt.

Tëscht der Stad a Beetebuerg gi jo iwwerdeems 2 nei Gleis-Weeër gebaut, woumat dës Streck soll entlaascht ginn. Duerfir ass zum Beispill am Abrëll d'Beetebuerger Streck punktuell och wéinst Aarbechten zou.

D'Streck tëscht der Stater Gare an Sandweiler/Konter ass tëscht August an Dezember komplett zou.