Et ass en Dossier, dee scho Generatioune vu lokalen an nationale Politiker beschäftegt, ma an deen elo endlech Beweegung soll kommen.

Rieds geet vum Contournement vun Hesper, dee virop den Trafic aus Frankräich laanscht d'Gemeng an d'Stad soll féieren. Besonnesch akut ass de Projet antëscht net nëmme wéinst dem villen Trafic, ma virun allem wéinst der schlechter Loftqualitéit, déi dee ville Stau matsechbréngt. Aus engem Facebook-Grupp eraus huet sech Enn 2019 eng Biergerinitiativ entwéckelt, déi sech fir dëse Contournement asetzt an déi elo an engem oppene Bréif eng ganz Partie Froen un den Infrastruktur- a Mobilitéitsminister François Bausch gestallt huet.

Contournement Hesper / Reportage Maxime Gillen

Dës Froen hu sech ënnert anerem aus enger Presentatioun vum Minister iwwert den Tracé vum Tram bis op den Houwald erginn. D'Ëmgoungsstrooss soll schliisslech méiglechst optimal un den ëffentlechen Transport a Richtung Stad ugebonne ginn, ma dobäi ass der Biergerinitiativ awer net kloer, wéi do zum Beispill d'Bussen aus der Richtung Réiser, Alzeng an och der Muselgéigend sollen ukommen. Och wat déi verschidde Variante vum Verlaf vum Contournement ugeet, stelle sech fir déi engagéiert Hesper Bierger nach eng Rei Froen. A priori wier, der Presidentin vun der Initiativ Fabienne Even no, d'Iddi fir en Tunnel ze bauen déi optesch an akustesch agreabelst Optioun.

„Et wier jo alles schéin a gutt, wann déi Tunnelvariant effektiv technesch realisabel wier ouni och ze vill Problemer. Mat deene Problemer mengen ech net nëmmen de Bau u sech, dat heescht e Lach ze gruewen an dass et méi deier gëtt, mä och, wien heiansdo duerch de Réiserbann fiert, gesäit, dass do reegelméisseg Waasser steet, an do bezweifelen ech, dass dat ouni gréisser Problemer am Alldag wäert kënne benotzbar sinn.“

No Ouschteren soll déi ëffentlech Consultatioun lancéiert ginn, wou d'Leit sech déi aktuell 6 proposéiert Variante kënnen ukucken an hir Observatiounen dozou kënnen areechen. Domat kënnt eleng d'Consultatioun zwee Joer méi spéit, wéi eigentlech versprach. Entspriechend skeptesch bleift d'Fabienne Even, wat dee ganze Projet ugeet.

„Vun deem Contournement geet rieds, dass ech an der Primärschoul war an ech si nettement iwwer 20. Dat si schonn eng etlech Jore, wou dat wierklech en akut Thema ass. A jiddweree seet, mir brauchen et, et muss kommen, et gëtt keng aner Méiglechkeet. Mä bon, dat sinn elo schonn 30 bis 35 Joer, wou ech et selwer materliewen.“

Dem François Bausch no soll d'Finanzéierungsgesetz fir den Hesper Contournement awer nach an dëser Legislaturperiod an der Chamber kënne gestëmmt ginn.