De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 1,8 Cent erop op dann 1,136 Euro de Liter.

Beim 95er Bensin ass et eng Hausse vun 2,4 Cent op 1,222 Euro de Liter. Fir den 98er muss een 1,292 Euro de Liter bezuelen, e Plus vun 2,2 Cent

Den Äerdgas gëtt ëm 1,2 Cent de Kilo méi deier op dann 0,795 Euro de Kilo.

Donieft gëtt et eng Hausse vun 1,7 Cent beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) op 0,603 Euro de Liter, de schwiefelaarme kascht dann 0,599 Euro de Liter, e Plus vun 1,5 Cent.

Fir de Mélange 2-T muss ee vun e Freideg un 1,815 Euro bezuelen, e Plus vun 1,7 Cent.