Och wann aktuell Fréijoerstemperature sinn, et war déi lescht Wochen batterkal zu Lëtzebuerg mat Wäerter nuets och emol am zweestellege Minusberäich.

An dat huet och den Automobil-Club gemierkt, et si nämlech däitlech méi Autoen en panne gefall. Minusgraden zu Lëtzebuerg, dat heescht fir den Automobilclub méi Aarbecht. De Pierre Jans huet beim Expert vum ACL och nogefrot, wéi dann elektresch bedriwwen Autoen an déi sou genannt Hybriden duerch de Wanter kommen.

De Frank Mass vum ACL-Diagnostic-Center betount, dass déi kal Temperaturen d'Autoe vun alle Motortyppe betrëfft. Dat heescht: och all d'Elektroautoen, ob komplett oder hybrid, déi nach eng 12-Vollt-Batterie hunn, fir den Won unzemaachen, kënne virun allem bei nidderegen Temperature Startschwieregkeeten hunn, wann déi ze schwaach ass. Ma och déi grouss Batterie, déi den Elektroauto undreift, ass mat kalen Temperaturen net wierklech frou.

Den däitschen ADAC gëtt awer Entwarnung. An engem rezenten Test wëll een erausfonnt hunn, dass Autoen, déi ganz elektresch bedriwwen sinn, och bei wanterleche Konditiounen tëscht 15 a 17 Stonne lafen – an dat am Stoe mat Heizung a Luuchten un. Souguer an engem Stau hätt een et deemno relativ laang gemittlech waarm an engem Elektro-Won.

Den ADAC präziséiert, dass et natierlech decisiv ass, wéi voll d'Batterie am Ufank ass. Opluede spillt iwwerhaapt eng grouss Roll an der E-Mobilitéit, virop bei den Plug-In-Hybriden.

Aus deem Grond iwwerleet ee sech am Ëmweltministère nach, wéi héich d'Plug-In-Hybriden an Zukunft iwwerhaapt nach solle subventionéiert ginn. Bis den 31. Mäerz gëtt et nach eng Primm vun 2.500 Euro fir esou e Modell. Ma déi wäert an Etappen auslafe gelooss ginn. Den neie Primmesystem fir d'Elektroautoe wär geschwë fäerdeg heescht et op Nofro hin aus dem Ministère. Eréischt da géifen Detailer kommunizéiert ginn.