De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 1,8 Cent erop op dann 1,154 Euro de Liter.

Beim 98er Bensinn ass et eng Hausse vun 2,2 Cent op 1,314 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 1,3 Cent de Kilo méi deier op dann 0,808 Euro de Kilo.

Donieft gëtt et eng Hausse vun 1,6 Cent beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) op 0,619 Euro de Liter, de schwiefelaarmen (50 ppm) kascht dann 0,617 Euro de Liter, e Plus vun 1,8 Cent. Fir de Mélange 2-T muss ee vun e Samschdeg un 1,837 Euro bezuelen, e Plus vun 2,2 Cent.