Mir hu mat zwee Pendler geschwat, déi zënter méi wéi 10 Joer mam ëffentlechen Transport op d’Aarbecht pendelen.

Gratis mam ëffentlechen Transport vun A op B fueren, egal ob fir Schaffen oder Akafen ze goen, oder equipéiert mat Vëlo oder Gepäck en Ausfluch ze maachen. Dës Offer besteet flächendeckend fir jiddereen. Lëtzebuerger, Frontalieren an Touriste profitéieren zënter engem Joer dovunner. Een Zil vun dëser Offer ass et méi Leit an den Zuch, Tram a Bus ze lackelen, ewech vum Auto.

Vill Leit verzichte schonn zënter Joren op den Auto, fir schaffen ze goen. Si pendele mam Zuch, Bus an Tram. Wat si fir si d’Virdeeler vum ëffentlechen Transport? Wat huet fir si mat der Offer vum gratis ëffentlechen Transport geännert? Wéi vill spuere si elo? Mir hu mat zwee Pendler geschwat, déi zënter méi wéi 10 Joer mam ëffentlechen Transport op d’Aarbecht pendelen.

"Den eenzege Virdeel ass manner ze bezuelen. Wann alles funktionéiert ass et perfekt, mee reegelméisseg ginn et Problemer. Ech géing soe mindestens eemol an der Woch. An dat ass wierklech ustrengend", seet de Chris Quaegebeur, deen zënter 12 Joer mam Zuch a Bus vu Virton op de Kierchbierg pendelt.

"Fir mech perséinlech huet et am Fong net esou vill changéiert. Ech fueren ëmmer nach déi selwecht Streck, den Zuch ass ëmmer nach net pünktlech. Natierlech muss ech elo dat Abonement, ech hu mengen ech 240 Euro d’Joer bezuelt, dat muss ech elo net méi bezuelen, dat ass natierlech e léiwe Gest, da kann een eppes anescht mat deene Sue maachen. Mee fir mech am grousse Ganzen huet et elo kee grousst Changement", seet d’Claire Leonhard. Si pendelt zënter 10 Joer vu Beetebuerg op de Kierchbierg fir schaffen ze goen.

D’CFL publizéiert all Mount hir Chiffere vun der Pünktlechkeet. Dës sinn ëffentlech nozeliesen op hirem Internetsite. Am Joer 2020 hätt een eng Pünktlechkeet vu 94,5% dokumentéiert, seet d’Alessandra Nonnweiler, déi Responsabel vum Service Kommunikatioun. Wat eng Verbesserung zu 2019 wier, wou eng Pünktlechkeet vun 90% annoncéiert gi war.

Fir d’CFL gëtt en Zuch als "a Retard" dokumentéiert, wann e méi wéi 6 Minutte Retard huet, gemooss op der Terminus Haltestell. Dat selwecht gëllt an Däitschland. A Frankräich gi 5 Minutte consideréiert. An der Schwäiz huet d’SBB definéiert, dass en Zuch als pünktlech gëllt, wann e mat manner wéi 3 Minutte Verspéidung op der Destinatioun ukënnt.