Nodeems e Freideg bekannt gi war, datt Blénkluuchten um Vëlo zanter dem 1. Januar net méi erlaabt wieren, ass de Mobilitéitsministère zeréckgeruddert.

De Mobilitéitsministère hat e Freideg och matgedeelt, dass de Code de la Route fir Micro-Gefierer geännert gouf. Sou gëllen lo fir elektresch Trottinetten & Co déi selwecht Reegele wéi fir d' Vëloen. Ab 6 Kilometer an der Stonn gehéiere se op d'Strooss an net méi op den Trottoir.

Fir grouss Diskussiounen och an de sozialen Netzwierker hat dunn awer eng aner nei Dispositioun gesuergt, an zwar geet et ëm déi hënnescht Luucht um Vëlo. Et gouf duerno och nees zeréckgeruddert.

Zu Recht, esou d'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ ProVelo. Bei der Ausso op der Pressekonferenz hätt et sech just en Interpretatiounsfeeler ageschlach. D'Presidentin vun der Initiativ, Monique Goldschmit:

„Effektiv steet am Règlement grand-ducal just, datt ee muss vir eng Luucht hunn an hannen eng, déi ëmmer un ass. Dat war och scho virdrun de Fall, do huet sech am Fong näischt geännert. Et steet och net explizitt do geschriwwen, datt ee keng Blénkluucht zousätzlech dierf hunn."

Gesetzlech gesinn ass eng Blénkluucht also net verbueden, dëst huet och de Mobilitéitsminister confirméiert. De Mobilitéitsminister François Bausch:

"Wann een zousätzlech zu där wäisser vir an der rouder hannen och nach eng blénkend um Rucksak hänken huet oder um Helm eng hänken huet, well ee sech seet, et wëll ee gär maximal visibel sinn, dat ass kee Probleem, déi kann dann och blénkend sinn. Wat wichteg ass, obligatoresch laut dem Code de la Route muss een eng vir an eng hannen hunn. Déi aner sinn net verbueden, mee toleréiert."

Et wier wichteg, mat Luuchten um Vëlo ze fueren. Dat wier och haut nach ëmmer net selbstverständlech, bedauert d'Vëlosinitiativ:

„Et geet drëms, datt ee sech och als Vëlosfuerer bewosst ass, datt een eng Luucht muss hunn. Net fir datt ee selwer gesäit, mee fir datt ee gesi gëtt. Déi zousätzlech Blénkluucht, déi huet den Effet, dass ee gesäit "Héi do ass eppes anescht virun mir” wann ech als Autosfuerer hannert dee kommen, da gesinn ech dat vill éischter. Dat blénkt, dat fält op. Et dierf dem Code de la Route net verblenden, mee esou eng kleng Luucht verblent een net."

Et wier een iwwerdeems zefridden, datt d'Mikro-Mobilitéit vun den Trottoire géif erofkommen an och déi Zort vu Mobilitéit reglementéiert gëtt, esou d'Monique Goldschmit. De Foussgänger hätt säi Wee, de Vëlo, elo mam Rescht vun der Mikro-Mobilitéit och säin eegenen. D'Elektronesch Trottinetten, déi zu Lëtzebuerg souwisou mat maximal 25 km/h dierfen ënnerwee sinn, sinn zanter dem 1. Januar also och net méi um Trottoir erlaabt – fir si gëllt d'Strooss, respektiv de Vëloswee.