Bal 70 Joer laang war déi al Patton-Bréck d'Entrée fir vu Richtung Dikrech an Ettelbréck eranzefueren.

Zwee an en halleft Joer gouf dru gebaut, e Méindeg ass d'Bréck fir de Verkéier opgaangen. Si ass vill méi breet wei déi al, sou dass och Plaz ass fir eng speziell Busspuer. Ausserdeem gëtt et e Passage fir Foussgänger a Vëloen.

Se ass 170 Meter laang, 17 Meter breet a ronn 6,5 Meter héich. Déi al an déi nei Bréck sinn elo Noperen. Den Neibau ass eng Stolkonstruktioun. Déi raschteg Faarf vum Stol ass eng Zort Schutzschicht. D'Liewensdauer vun esou enger Bréck läit bei 100 Joer.

Eng 10.000 Autoe wäerten den Dag iwwer des Bréck jauwen. Déi nei Patton-Bréck gouf aus e puer Grënn noutwenneg. Eng zousätzlech Busspuer gouf gebraucht. Ausserdeem och eng Méiglechkeet, d'Vëloen an d'Foussgänger ouni Risiko iwwer d'Bréck ze kréien.

Den Ament gëtt de Stroossebelag vun der aler Bréck gefrääst. Am Joer 1952 gouf d'Patton-Bréck nei opgebaut. Elo gëtt si an hir Eenzelstécker zerluecht. Bis Mëtt Mee daueren dës Aarbechten.

De Bau vun der neier Bréck schléit mat 11 Milliounen Euro zu Buch. De komplette Projet kascht 19 Milliounen.

Schreiwes

Mise en service du nouveau pont Patton à Ettelbruck sur deux voies à partir du lundi 29 mars 2021

Communiqué par: Administration des ponts et chaussées

Les travaux relatifs au nouveau pont Patton et à la déconstruction de l'ancien pont Patton à Ettelbruck seront terminés au cours de l'été 2021. L'avancement des travaux permet d'ores et déjà une mise en service de l'ouvrage d'art, ceci à partir du lundi 29 mars 2021. Depuis ce vendredi 26 mars 2021, la voie de circulation en direction de Diekirch est d'ailleurs ouverte à la circulation. À partir du lundi 29 mars 2021, dès 9 heures du matin, les usagers du trafic pourront utiliser 2 voies de circulation (l'une en direction de Diekirch, l'autre en direction d'Ettelbruck), la troisième étant utilisée pour les travaux de déconstruction de l'ancien ouvrage d'art et ceci jusqu'à la fin du chantier.