An deenen nächste Méint wäert et och weiderhin op ville Plazen am Land am Zuchverkéier zu Stéierunge kommen.

CFL-Campagne - De Reportage vum Diana Hoffmann

E gréissere Chantier wäert dee vun der Stater Gare sinn, wou zwee Quaien dobäi kommen. Fir d'Clienten ze sensibiliséieren hunn d'CFL eng Campagne ënnert dem Motto: "Mir schaffe fir Är Mobilitéit vu muer" lancéiert.

D'CFL wäerten och am nächste Joer mat 300 Milliounen Euro massiv an den Ausbau vum Schinnennetz investéieren. D'Offer, déi do wier, géing och genotzt ginn, huet den Transportminister François Bausch ënnerstrach. A manner wéi 20 Joer ass d'Zuel vun de Passagéier ëm 85 Prozent geklommen, op 25 Milliounen 2020.

Fir en gudden Oflaf ze garantéieren, missen déi néideg Infrastrukture geschafe ginn. Wouzou och den Ausbau vu P&Ren gehéiert, wéi um Houwald, zu Ëlwen oder zu Ettelbréck, fir nëmmen e puer ze nennen.

E vun de gréissten, an och opwännegste Projeten am Moment ass d'Erweiderung vun der Stater Gare, déi 171 Millioune kaschte wäert. Bis Enn dës Joers sollen all déi nei Quaien da vun de Passagéier genotzt kënne ginn.