D'Equipe vum RTL-Automag krut en exklusiven Abléck an e puer Designdetailer vum elektreschen S-Klass-Pendant. Weltpremière ass de 15. Abrëll.

Mercedes gëtt Vollgas an der Elektromobilitéit. Knapps ass déi nei Ënnermark EQ mat de Modeller EQC, EQV an EQA lancéiert, steet och schonn d’Topversioun EQS an de Startlächer. De Paul Origer vun der Automag-Ekipp krut exklusiv e puer Designdetailer vum elektreschen S-Klass-Pendant ze gesinn.

Am Fong krute mer schonn 2015 een Ausbléck op déi elektresch Zukunft, nämlech do gouf op der Consumer Electronic-Show (CES) zu Las Vegas mat der Etüd F015 schonn e bëssen agelaut, a wéi eng Richtung et geet.

An zimmlech futuristesch bliwwen ass sécherlech de Baussendesign. Opfalen deet schonn direkt déi zoue schwaarz Kalander mam Mercedes-Logo als 3D-Muster. Doriwwer trount dann ee Luuchteband wat hanne wéi vir iwwert déi ganz Breet vum EQS verleeft. Besonnesch beim Banneliewe vun de Réckluuchten hu sech d’Designer ausgetoobt an de Gléihfuedem vun enger klassescher Bier imitéiert.

Komplett aus dem klassesche Mercedes-Kader fält d’Silhouette. Den EQS follegt dem “One Bow” – Konzept, dat heescht kee klasseschen 3-Box-Design, mee Capot, Daach a Mall ginn aneneen iwwer ouni Ofsaz. Och d’Placéierung vun de Foue gouf extra iwwerluecht. De kuerz gehalene Capot gräift wéi eng Muschel wäit no ënnen, d’Flanke sinn extrem glat an ouni Kanten, d’Rieder extra wandschnëtteg. Resultat ass een exzellenten cW-Wäert vun nëmmen 0,20.

Nieft der Aerodynamik stoung awer och d’Aeroakustik op der Prioritéitelëscht. De Geräisch- a Fuerconfort soll am EQS op héchstem Niveau leien an en esou zu der S-Klass ënnert den E-Autoe maachen. Vum S staamt dann och d’Loftfuerwierk grad ewéi d’Steierung vun der hënneschter Achs déi de Wendekrees op 10,9 Meter reduzéiert.

EVA – esou heescht déi nei elektresch Architektur op deier den EQS opbaut an déi vill méi Méiglechkeeten erlaabt. Esou ass de groussen Highlight am EQS den Tableau de Bord. Agerummt vun den typesche Lüftungsdüsen am Turbinnestil presentéiert sech den MBUX Hyperscreen, deen op den éischte Bléck wéi ee risegen 1,41 Meter breeden Display ausgesäit. A Wierklechkeet ass et d’Kombinatioun vun 3 OLED-Bildschiermer mat Touchfonctioun an de Gréissten 12,3 a 17,7 Zoll, déi vun enger eenzeger 2400 cm 2 grousser Glasscheiw zu enger glater Fläch vereent ginn. Kléngt komplizéiert, soll awer einfach ze bedénge sinn. En haptesche Feedback a manner Ënnermenüs sollen dobäi hëllefen. Ausserdeem kann de System och léieren. Dës “elektresch Intelligenz” hëlleft dann och bei der Navigatioun; bei der Berechnung ginn d’Temperatur, de Verkéier souwéi Disponibilitéit a Leeschtung vun de Luetstatiounen berécksiichtegt.

E puer Gags erlaabt sech Mercedes awer och. Nieft der klassescher Ambiance-Beliichtung sëtzt uewen am Tableau en aktiivt Luuchteband wat sech, jee no Fuerzoustand, verännert. Passend dozou ginn et dann och Fuersounds – elo am Ufank emol 3 - déi extra fir den EQS komponéiert goufen a spéider ëm zousätzlech Soundwelten erweidert ginn. Iwwerhaapt spille Sounds am soss geräischlosen EQS eng Roll. Verschidde Kläng suerge fir Begréissung oder Feedback fir Funktiounen, souzesoen als Sprooch vum Auto.

Wien et awer léiwer méi klassesch huet, fir dee bitt Mercedes och en Interieur ouni Hyperscreen un. An dësem Fall dominéiert an der Mëtt ee grousse Schierm wéi an der S-Klass. Den iwwereg-bliwwene Beräich op der Bäifuerersäit gëtt dee Moment genotzt, fir nei Dekor-Elementer anzesetzen. An alle Versioune soll virun allem de Banneraum lëfteg bleiwen. D’Mëttelkonsol genee wéi d’Dierverkleedunge ginn engem den Androck, wéi wa se géinge schwiewen.

Zu techneschen Detailer hält sech Mercedes nach zeréck. Seng Weltpremière feiert den EQS de 15. Abrëll, am Showroom gesäit een en dann am August.