Schonn am Laf vun dësem Joer, sollen esouwuel 4- wéi och 8-Zylinder mat Stroum ënnerstëtzt ginn. Batterien an Elektromotor kommen aus eegener Entwécklung.

De „Mercedes-AMG Project One“ hunn d'Leit vun Affaleterbach schonns méi laang virgestallt. D'Zukunft vun den AMG Aggregater soll ganz kloer Richtung Stroum goen. An enger éischter Phase iwwer d'Hybrid Technik. Et ass awer sécherlech net ausgeschloss, dass een iergendwann komplett mat Stroum ënnerwee ass, oder ka sinn.

Awer elo eent no deem aneren. Beim „Project One“ huet een intensiv mam Mercedes-AMG Petronas F1 Team zesummegeschafft. Dat soll an Zukunft nach méi intensivéiert ginn.

Schonns am Laf vun dësem Joer, sollen esouwuel 4 wéi och 8 Zylinder mat Stroum ënnerstëtzt ginn.

RTL

Bei AMG ass een houfreg, dass de ganzen Elektromotor an der eegener Firma  bei Stuttgart entwéckelt gouf. Allerdéngs ëmmer an enker Zesummenaarbecht mat de Leit vu Brackley, respektiv Brixworth an England, déi zoustänneg si fir dem Lewis Hamilton seng Weltmeeschter-Autoen.

Awer net nëmmen den E-Motor gëtt zu Affelterbach entwéckelt, mee och d'Batterien, ouni déi keen Undriff zustan géif kommen. 560 där Lithiumion-Batterie sinn néideg, fir eng permanent Leeschtung vu 70kW ze entwéckelen, respektiv 150kW wärend 10 Sekonnen. 89 Kilo weit d'Batterie, an dat entsprécht enger Kraaft vun 1,7 kW/kg.

RTL

Fir dass d'Akkuen hir maximal Leeschtung kënnen ofruffen, muss d'Temperatur ideal sinn. AMG huet dofir eng Technologie entwéckelt, déi bis elo, hiren Informatiounen no, eenzegaarteg ass. All eenzel vun de 560 Batterien gëtt separat gekillt. Domadder läit Temperatur permanent bei 45 Grad Celsius. Ouni déi Killtechnik géifen d'Batterië just d'Hallschent vun der Leeschtung bréngen. Ee weidere Virdeel ass deen, dass bei der Réckgewënnung vun der Energie, d'Batterien net iwwerhëtzen.

Den Elektroundriff gëtt an Zukunft bei AMG hannen an der Mall verstoppt.

D'Zylinder ramouere vir ënner dem Capot. Esou hätt een eng optimal Gewiichtverdeelung.

RTL

Vill AMG-Ferventen dierften awer Schwieregkeeten hunn, dass ee vum klassesche Verbrennermotor wëll ewechkommen. Dees ass ee sech zu Affalterbach bestëmmt och bewosst. Dofir hält een och un traditionelle Wäerter fest.

„One Man – One Engine“ an d'Plack vum Mecanicien dierft och weiderhin um Motorblock eng Plaz fannen.