No der Tramlinn ass elo och déi nei Vëlospist an der Neier Avenue fäerdeg. Eng gutt Nouvelle fir d’Cyclisten, mä d’Geschäftsleit si rosen.

Nei Vëlospist an der Neier Avenue / vum Tim Morizet

D'Zuel vun de Vëlosfuerer an der Stad Lëtzebuerg huet sech an de leschten 10 Joer verdräifacht. Mä wien an de leschte Jore mam Vëlo duerch d'Nei Avenue gefuer ass, weess, dass dat eng richteg Aventure war, och schonn iert den Tram hei gebaut gouf.

E Freideg gouf awer eng nei Vëlospist ageweit, déi de Garer Quartier vëlostechnesch optimal un d'Uewerstad ubanne soll.

D'Politik erhofft sech vun dëser neier Vëlospist, dass den Drotiesel an der Stad nach méi attraktiv gëtt. Zwou breet Spueren, kloer getrennt vun der Strooss, fir optimal Pedaléierkonditiounen ze garantéieren.

Hannert der Paräisser Plaz dréint d'Vëlospist an d'Origerstrooss, fir dann duerch d'Al Avenue op der Gare unzekommen. Grad dee Passage reegt d'Geschäftsleit op, well doduerch eng Livraisounsparkplaz verschwonnen ass. Déi war zwar nëmme provisoresch, mä et war quasi déi leschte Rettung, an engem Quartier, wou un all Eck gerappt a geklappt gëtt.

Den Thierry Abondance, Proprietaire vun engem Hifi-Butteck op der Paräisser Plaz, weess net méi, wou seng Fournisseuren aktuell parke sollen: "Mir hunn elo guer keng Livraisounsplaze méi. An der Gliesener Strooss sollten Aarbechten op de Liwwerparkplaze gemaach ginn, dat sollt de 5. Mäerz fäerdeg sinn, do ass säit dräi Woche Status Quo, do ass näischt fäerdeg! D'Antwerpener Strooss gëtt e Samschdeg fir zwou Wochen zougemaach, do waren och nach e puer Livraisounsparkplazen. Resultat: Mir hu guer keng Livraisounsméiglechkeete méi!"

De Stater Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt weess Bescheed iwwer dës Problematik. Bei eisem Interview huet eng Metzleschfra vun der Geleeënheet profitéiert, fir ze reklaméieren: Hir Chauffere kruten eleng e Freideg zwee PVen, well se um Vëloswee geparkt hunn. Si wëll wëssen, ob et net méiglech gewiescht wär, déi zwou Spueren op eng Säit vun der Strooss ze verleeën. De Patrick Goldschmidt erkläert, dass dat vun de Servicer vun der Stad Lëtzebuerg a vum Staat duerchaus gepréift gi wär. Mä et wär fir d'Vëlosfuerer méi sécher a fir de Verkéiersfloss besser gewiescht, béid Säite vun der Origerstrooss ze notzen.

Wann d'Paräisser Plaz bis fäerdeg ass, soll do och erëm eng Livraisounsplaz bäikommen. Mä dat riskéiert nach bis Enn Juni ze daueren. Bis dohinner mussen d'Geschäftsleit kucken, wou hir Camionnetten a grouss Camionen ofluede kënnen. Si hätte sech e besseren Timing gewënscht, dass d'Ouverture vun der Vëlospist an déi divers Chantiere besser openeen ofgestëmmt wären.

De Minister Bausch an de Verkéiersschäffe Goldschmidt hate bei der Aweiung net nëmmen um Vëlo e klengen Accrochage, mä déi zwee ware sech wuel och net ganz eens, wéini d'Vëlospist opgoe soll. Et wär de Ministère, dee presséiert gewiescht wär, d'Stad géif probéieren, d'Situatioun op der Gare z'entschäerfen.

Den Thierry Abondance huet schonn eng Iddi, wou hien den nächste Camion hi guidéiert: Op d'Tramsschinnen. "Obwuel, domadder ass d'Stad da wuel och net d'accord", esou de rosene Geschäftsmann.