De Maximalpräis fir de Liter 98er a 95er geet en Dënschdeg ëm Hallefnuecht ëm iwwer 1 Cent erof.

Beim 95er Bensinn ass et eng Baisse vun 1,6 Cent op elo 1,260 Euro de Liter. Den 98er geet ëm 1,8 Cent erof op dann 1,332 Euro de Liter.

Och beim Mélange 2-T gëtt et eng Baisse vun 1,8 Cent op dann 1,855 Euro de Liter.