Wéi nohalteg sinn déi verschidden Transportmëttel? Déi Fro probéiert déi Europäesch Ëmweltagence an zwou Etüden ze beäntwerten.

Duerch wéi eng méi nohalteg Verkéiersmëttel kann een den Auto an de Fliger am beschten ersetzen? A wat polluéiert manner: De Bus oder den Zuch? Dat sinn zwou Froen, mat deenen déi Europäesch Ëmweltagence sech lo beschäftegt huet. D'Äntwerten dorobber gefalen der FLEAA (Fédération Luxembourgeoise des Exploitants d'Autobus et d'Autocars) net wierklech. De Bus géif a béiden Etüden net gutt ewechkommen.

De Bus gehéiert zum Alldag op eise Stroossen, egal ob an der Stad, iwwer Land, oder esouguer iwwert d'Grenzen ewech. Dofir war d'Federatioun vun de Lëtzebuerger Busfirmen e bësse verwonnert, wéi si duerch déi europäesch Etüd "Train or Plane" also "Zuch oder Fliger" gebliedert huet. Als eenzeg Alternativ zum Fliger gëtt do den Zuch analyséiert, vum Bus geet guer net rieds.

An enger zweeter Etüd vun der Europäescher Ëmweltagence spillt de Bus duerchaus eng Roll: Do ginn d'Emissioune pro Passagéier pro Kilometer vu verschiddenen Transportmëttel matenee verglach. Dës Etüd géif d'Zuel vun de Passagéier pro Bus awer vill ze niddereg usetzen, nëmmen hallef esouvill wéi et der wierklech wären, an doduerch géif de Bus an de Berechnunge vill ze schlecht ofschneiden.

Et geet der FLEAA net drëms, Bus an Zuch géinteneen auszespillen, déi zwee missten zesumme geduecht ginn, erkläert de FLEAA-Generalsekretär Hendrik Kühne: "Den Zuch ass gutt, den Zuch ass wichteg, den Zuch kënnt och ëmmer méi, mä den Zuch wäert ni bis an déi leschten Destinatioun goen. Do muss de Bus ëmmer bleiwen. A Stroossen hu mir, Schinne missten nach gebaut ginn. Do si mir an enger Investitiounsphas vun 10 Joer, wou mir de Bus direkt scho kënnen notzen."

Zu Lëtzebuerg géif d'Zesummespill Zuch-Bus an den Ae vum Verband gutt funktionéieren. An d'Iddi, fir de Bus nach méi als Zoubrénger vum Zuch anzesetzen, géif mat der RGTR-Reform 2022 nach verstäerkt ginn. E Projet, deen d'FLEAA am Prinzip och gutt heescht. Mä de Verband stéiert sech drun, dass de Reseau bannent kuerzer Zäit zweemol reforméiert gëtt. An et kritiséiert een d'Modalitéiten, wéi déi grouss Reform 2022 op d'Strooss bruecht gouf.

"Mir fannen et als FLEAA e bësse schued, dass dat iwwert eng grouss europäesch Ausschreiwung gaangen ass. Dat mécht d'Saach zwar transparent, mä et ass de gréissten eenzele Marché, dee bis elo esou ausgeschriwwe gouf. Dat bewierkt eng gewësse Konzentratioun. Mir si frou mat all eise Memberen, a mir wären och frou gewiescht, wann nach méi Memberen hätte kéinte fueren. An do sinn der elo e puer, déi nom 1. Januar 2022 net méi fueren", esou den Hendrik Kühne vun der FLEAA.