Vun e Freideg 22.00 Auer bis e Samschden 4.30 Auer ass de Pont Jean-Pierre Buchler komplett fir den Trafic gespaart.

Fir de Reamenagement vun der Bréck gëtt do e Kran opgeriicht. Tëscht der Garer Plaz an den Opfaarten "Est" fir op d'Pénétrante Sud ass d'Zirkulatioun wärend den Aarbechte verbueden. Den Accès an d'Route de Thionville via d'Rocade de Bonnevoie bleift accessibel fir den Trafic aus Richtung Houwald. Och d'Sortie vun der Pénétrante Sud aus Richtung Rond-point Gluck fir an d'Route de Thionville an Direktioun Houwald bleift op.

Och d'Buslinnen 28 an 29 si vun den Aarbechte betraff.