Um Mëttwoch huet d'Police zu Lëtzebuerg verstäerkt Vitesskontrolle gemaach
A villen europäesche Länner leeft vum 19. bis 25. Abrëll d'Campagne "Speed", un där och Lëtzebuerg sech bedeelegt.
Organiséiert ass déi Campagne vu Roadpol (European Roads Policing Network) a leeft parallel an e sëllegen europäesche Länner. Et wëll een heimat virun allem géint déi exzessiv Vitessverstéiss virgoen, déi nach ëmmer verantwortlech si fir de Groussdeel vun den déidlechen oder ganz schroe Verkéiersaccidenter op den europäesche Stroossen. Deemno gi wärend der Woch vum 19. op de 25. Abrëll verstäerkt a ganz Europa Vitesskontrolle gemaach.
Ëmfro
Zu Lëtzebuerg gouf et den 21. Abrëll dann och an deem Kader nees de "Speedmarathon". Wärend 24 Stonne gouf et uechter dat ganzt Land ganz vill Vitesskontrollen, dat virun allem och wärend den Haaptverkéierszäiten (6.00 - 8.30 Auer a 16.00 bis 18.30 Auer). Wärend der Aktioun gouf flächendeckend kontrolléiert. Ënnert anerem op Autobunnen an op Landstroossen.
De Speedmarathon soll op d'Geforen duerch ze héich Vitess opmierksam maachen. Dofir gëtt déi ganz Campagne dann och op de soziale Reseaue vun der Police begleet, sief et op Twitter, Facebook oder Instagram, dëst mam Hashtag #speedmarathon.