Spéitstens zanter dem Lockdown d'lescht Joer ass Vëlo fuere ganz beléift hei am Land. Routinéierte Vëlosfuerer si scho mol Problemer am Reseau opgefall.

Alles op de Vëlo / Reportage Nadine Kremer

De Mouvement écologique huet elo eng interaktiv Kaart erstallt, wou een dës visualiséiere kann.

Am Juli organiséiert de Mouveco eigentlech ëmmer d'Aktioun "Alles op de Vëlo" am Mamerdall. Nodeems d'lescht Joer déi klassesch Editioun wéinst der Pandemie huet missen ofgesot ginn, gouf se duerch en Opruff ersat, positiv an negativ Beispiller vu Vëlosinfrastrukturen hei am Land eranzeschécken. De Mouveco krut doropshin 300 Ureegunge geschéckt. Mat deenen huet d'Ëmweltorganisatioun eng Kaart ausgeschafft, wou een all Propose ka lokaliséieren. D'Kaart ass interaktiv, dat heescht, et sinn och Fotoen a Videoe verlinkt. Esou gesäit een ganz genee, wou a wat de Problem op där Plaz ass. Déi meescht Ureegunge kommen aus dem Süde vum Land an aus der Stad. Verschiddener wieren temporär Problemer, zum Beispill duerch Chantieren. Dës wieren deelweis scho behuewen. Et kann awer och vill Verschiddenes sinn, esou de Cédric Metz vum Mouveco.

Cédric Metz: "E ganz groussen Deel vun de Kritikpunkte bezitt sech op d'Infrastrukturen: Sécherheetsgefill, Buedembelag, Hindernisser, déi op de Vëlosstrecke sinn. D'Beschëlderung gëtt och nach ganz oft als schlecht uginn. An da ganz zum Schluss nach de Komfort. Wat een dozou och nach muss dobäi soen, ass, dass déi verschidden Thematiken och uneneen hänken, well eng schlecht Infrastruktur och zu engem schlechte Sécherheetsgefill féiert."

E groussen Infrastrukturproblem wieren d'Weeër, déi feelen, net breet genuch oder futti wieren oder matten op der Streck ophalen. D'Laure Simon vum Mouvement: "Kee Planer vu Stroosse géif eng Autobunn einfach op ee Feldwee lande loossen an als Vëlosfuerer huet een awer effektiv heiansdo d'Gefill, dass dat de Fall ass."

D'Zil vum Projet wier et, den Notze vum Vëlo am Alldag méi ze erméiglechen, andeems Deelstrecken verbonnen oder ausgebaut ginn an Ënner- oder Iwwerféierungen, wéi zum Beispill bei der Dummeldenger Barriär, gebaut ginn, fir de Reseau ze verbesseren.

De Kär vum Projet wier d'Biergerbedeelegung, ënnersträicht de Bob Reuter vum Mouveco: "Well mer probéiert hunn, de Wëssensschatz, d'Ressourcë vun de Leit, déi um Terrain sech auskennen, déi um Terrain Vëlo fueren, am Alldag unzezapen. Déi detektéieren elo Plazen, déi ee vläicht als Organisatioun net kennt. Hei kréie mer eppes wéi d'Schwarmintelligenz."

De Mouvement gëtt de Ball elo weider un déi zoustänneg Gemengen, fir de Fuerderungen nozegoen. Si solle wa méiglech d'Problemer an Zesummenaarbecht mat de concernéierte Bierger léisen.

Vëlosinfrastruktur: nach vill Loft no uewe fir méi Sécherheet

Zesumme mam Cédric Metz hu mer de Vëlo aus der Garage geholl a si vun der Stad Lëtzebuerg aus iwwer d'Vëlospist E3 Eech gefuer. Mir waren net laang ënnerwee, bis en éischte Cyclist ons spontan ugesprach huet. Thema: d'Zesummeliewen tëscht Vëlo, Auto a Foussgänger, wat net ëmmer einfach ass.

"Wann een Infrastrukture plangt, wou och Foussgänger laanscht ginn, da virprogramméiert ee Konflikter. Well de Vëlo ass e wéineg méi schnell. Dofir muss een, wann ee plangt, definitiv der doucer Mobilitéit Prioritéit ginn, fir datt Konflikter net entstinn", sou de Cédric Metz.

An da géif d'Politik och Courage brauchen, fir dem Auto, e Meter zu Gonschten vum Vëlo ewechzehuelen. Wéi an der Millebaach, wou d'Vëlospist op där vill befuerener Strooss op ee Coup wéi eng Autobunn am Feldwee lant.

"Mir kruten immens vill Fotoen, Beschreiwungen, Kaarten, Texter", sou de Cédric Metz. "Mir hunn vun Ufank u gesot, mir ginn déi un déi politesch Verantwortlech weider. Mir maachen an dësem Fall och nach eng Kéier den Appell, datt Gemenge,n déi hir Vëlospisten ausbaue wëllen, och d'Bierger mat abannen. Et ass extreem wichteg, datt d'Leit sech dermat identifizéieren."

Et gëtt deemno nach genuch Loft no uewen, fir Vëlofuere weider méi attraktiv ze maachen. Op engem Ament, wou en Ëmdenken do wier. 24.000 Ufroe fir Primmen op de Kaf vu Vëloe bannent 12 Méint, am Kader vun der Regierung hirer Aktioun "Clever Fueren". Dat wier net näischt. Wann d'Politik sech fir ee méi nohaltegt Lëtzebuerg staark mécht, Stéchwuert "Mobilité douce", da missten och Infrastrukturen geschaaft ginn, de Fräizäit-Boom um Weekend mat an d'Woch eriwwerzehuelen. De Vëlo als Alternativ, fir sécher op d'Schaff ze fueren.