Den neien EQS huet seng Première gefeiert, dat op enger virtueller Presentatioun.

Den S steet bei Mercedes schonn ëmmer fir déi méi besonnesch Autoen, a genee dee Buschtaf kréint dann elo och d’Elektrogamm EQ. Den EQS ass nämlech déi éischt vollelektresch Luxuslimousin vun der Stuttgarter Traditiounsmark. Anescht wéi déi scho bekannte Modeller an der EQ-Gamm, gouf den S vu Grond op als E-Auto entwéckelt. Esou steet hien dann och op der neier modulärer Plattform, déi sech fir all zukünfteg an héichwäerteg Elektroautoe vu Mercedes adaptéiere léisst.

Mercedes wëll bis 2039 eng CO2-neutral Gamme ubidden. Bis 2030 soll dofir all zweete verkaafte Mercedes elektresch ugedriwwe sinn. Passend dozou gëtt beim EQS besonnesch d’Nohaltegkeet grouss geschriwwen. D’Baudeeler ginn alleguer an Däitschland, respektiv aus recycléierten an nowuessende Matièren an domat CO2-neutral hiergestallt.

Eng grouss Roll bei all deem spillt awer och den Design. Engersäits natierlech well sech iwwert en attraktiivt Ausgesinn den Auto verkeeft, anerersäits soll den EQS als d’Flaggschëff vun der EQ-Gamm direkt ze erkenne sinn. Dat duerch déi typesch EQ-Nues “Black Panel”, déi d’Kalander an d’Luuchten zesummefaasst. Nach méi awer duerch déi besonnesch aerodynamesch Form.

RTL

Déi klassesch 3-Box-Silhouette ass passé, den neie “One Bow”-Design verzicht op Fouen, Néit a Kanten, wat den cW-Wäert op 0.20 erofdréckt. Fir en nidderege Verbrauch ass dat e wichtege Facteur, et profitéiert awer och de Confort. Nieft dem beschten Aerodynamik-Wäert fir ee Serienauto, gouf och een extrem nidderegt Bannegeräisch erreecht. Anengems schaaft déi nei Plattform mat enger relativ kuerzer Nues awer laangem Radstand och een aussergewéinlech geraimege Banneraum – ee vun de gréissten a senger Kategorie. Bei enger Längt vun iwwer 5m20 bleift dann och nach Plaz fir iwwer 600 Liter Mall.

Ugedriwwe gëtt den EQS d’office ëmmer vun den hënneschte Rieder, d’Allradversioun 4MATIC kritt dann nach een elektreschen Undriffsstrang un der viischter Achs. Bis zu 385 kW Motorleeschtung si virgesinn, spéider kënnt och eng Performance-Versioun, fir déi Mercedes bis zu 560 kW plangt.

RTL

Net manner wichteg wéi d’Motorleeschtung ass sécherlech d’Autonomie: bis zu 770 km no WLTP sollen déi nei E-Luxusmodeller packen, méiglech mécht dat eng nei Batteriegeneratioun, déi bis zu 107,8 kW-Stonne späichere kann. Wann dann awer mol den Akku sollt eidel sinn, da kann den EQS mat bis zu 200 kW un engem Fastcharger geluede ginn. Dee Moment sinn an nëmme 15 Minutten weider 300 km gewonnen. Doheem Lueden geet selbstverständlech och - bis zu 22 kW sinn dee Moment méiglech.

Den Highlight vum neien EQS ass sécherlech den Interieur mam MBUX-Hyperscreen. Eng riseg Glasscheif kombinéiert 3 OLED-Schiermer a mécht dee ganzen Tableau de Bord zu engem eenzege groussen Touchscreen. Hannendrun stécht entspriechend vill Computertechnik. Esou ka sech MBUX op de Chauffer astellen a mécht personaliséiert Virschléi fir Infotainment, Confort a Funktioune vum Auto. “Over The Air” gëtt den EQS dann och ëmmer um neiste Software-Stand gehalen, respektiv kann de Client nach nom Kaf nei Optiounen a Funktiounen aktivéieren.

RTL

A propos Optiounen: eng nei Architektur erméiglecht natierlech och nei technesch Léisungen. Esou ginn et am EQS als Optioun automatesch Confort-Dieren déi per Handbeweegung op an zou ginn, iwwert de Burmester Surround-Soundsystem si verschidde Klangwelte a Fuersounds méiglech, dee scho bekannten Energizing Comfort gëtt duerch den Energizing Nature erweidert, déi nei Digital Light-Pharen kënne Symboler op d’Strooss projezéieren a last but not least kënnt déi lescht Generatioun vum Drive Pilot, mat där den EQS bis zum Niveau 3 autonom fuere kann.

Gestart gëtt mat de Versiounen EQS 450+ (245 kW) an EQS 580 4MATIC (385 kW) déi fréistens fir de Summer an de Showroom kommen. Bis dohinner wäert Mercedes dann och d’Präisser verroden, déi sech zimmlech sécher op S-Klass-Niveau beweegen.