Et géif dorëms goen, d'Liewensqualitéit vun den Awunner ze verbesseren, andeems den Trafic limitéiert gëtt, esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

An der Uewerstad sinn d'Beaumontsgaass an een Deel vun der Rue des Capucins zanter dëser Woch eng temporär Foussgängerzone. Just nach Persoune mat Vignette hunn Accès mam Auto. D'Zil vun der Gemeng war et, d'Liewensqualitéit vun den Awunner ze verbesseren, andeems den Trafic limitéiert gëtt. Caféen a Restaurante hu schonn profitéiert, fir hir Terrassen ze vergréisseren.

Stater Foussgängerzon / De Reportage vum Nadine Kremer

Bis moies 10 Auer kënne Restauranten a Caféë beliwwert ginn. Duerno ass d'Zon autofräi. De Luca Haslimann ass Gerant vun engem Restaurant an der Rue Beaumont a freet sech iwwer d'Méiglechkeet, seng Terrass ze vergréisseren. Zemools elo, wou d'Wieder besser gëtt.

"Personnellement cela fait du bien. En plus, on a tous envie de sortir en ce moment et plus on a des places pour s'asseoir et pour être à l'extérieur, mieux c'est."

D'Rue du Fossé war schonn autofräi, lo si bis de Wanter op d'mannst och d'Rue Beaumont an d'Rue des Capucins eng Foussgängerzon. Zougang behale just nach Residenten a Leit, déi um Inneministère schaffe mat hire Vignetten, esou d'DP-Buergermeeschtesch vun der Stad, d'Lydie Polfer.

"D'Rue Beaumont ass keng ganz breet Strooss, dat heescht et muss ëmmer Plaz sinn, dass een Auto, eng Ambulanz oder d'Pompjeeë kënne laanscht fueren. Dat heescht et kann een net déi ganz Strooss elo zoumaachen. Mee do sinn Abuchtungen, déi eben dofir virgesi sinn a wou Terrasse sech kënnen definitiv etabléieren."

Eng Barrière hënnert Automobilisten dorun an d'Strooss eranzefueren. An noer Zukunft solle Bornen installéiert ginn.

Donieft gouf och d'Place des Bains reamenagéiert, esou, dass och do keng normal Parkplaze méi sinn: zwou wieren der fir elektresch Autoen opzelueden, zwou fir d'Ambassade an dräi wiere Parkplaze fir Leit mat Handicap.

De Projet géif d'Liewensqualitéit verbesseren, esou den DP-Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

"Fir déi hei Strooss ze berouegen, dass d'Autoen net einfach am Krees hei ronderëm fueren. Et muss een och soen, dass mir genuch Parkplazen ënnerierdesch hunn an et kann een och op de Glacis goen. Mir hunn e gratis ëffentlechen Transport. Dat heescht et huet ee ganz vill Méiglechkeeten, fir an Stad ze kommen, ouni musse mam Auto hei an d'Beaumontsstrooss ze fueren."

Och de City-Shopping-Bus gouf ëmgeleet. Amplaz an der Rue Beaumont, huet hie säin Terminus elo op der Place des Bains. D'Zil op laang Dauer wier et, d'Mobilité douce ze fuerderen an den Auto aus der Stad eraushuelen.

De Communiqué vun der VDL:

Luxembourg, le 19 avril 2021

Mise en zone piétonne temporaire

de la rue Beaumont et d’une partie de la rue des Capucins

Soucieux de soutenir les commerces et les établissements du secteur Horeca, la Ville de Luxembourg poursuit son projet de piétonnisation du centre-ville par l’extension temporaire de la zone piétonne sur la rue Beaumont et sur une partie de la rue des Capucins (tronçon sis entre la place des Bains et la rue Beaumont).

Cette nouvelle mesure temporaire, couplée à la transformation de la rue du Fossé en zone de rencontre et à la récente réglementation faisant de la rue Aldringen une zone piétonne ouverte aux cyclistes, illustre la volonté de la Ville d’apaiser le trafic motorisé au centre-ville et de redistribuer l’espace aux piétons permettant l’exploitation de terrasses plus généreuse pendant la période estivale et favorisant la création d’un environnement convivial davantage propice aux affaires.

L’accès à la zone piétonne pour les résidents et les personnes utilisant un emplacement de parking privé uniquement accessible via les rues précitées ne sera autorisé qu’aux détenteurs d’une vignette prévue à cet effet. Les livraisons des commerces seront autorisées de 06h00 à 10h00. Dans les mois à venir, l’installation de bornes escamotables permettra de délimiter et de sécuriser physiquement le nouveau périmètre de la zone piétonne et de mieux encore contrôler l’accessibilité des seuls ayants droit.

Par ailleurs, cette modification de la circulation implique la relocalisation du terminus du City Shopping Bus vers la place des Bains. L’arrêt Beaumont sera donc remplacé par un nouvel arrêt dénommé Badanstalt quai 4.

Grâce à cette disposition, la Ville de Luxembourg vise à augmenter l’attractivité du centre-ville et des commerces en apaisant la circulation motorisée au profit d’une meilleure qualité de vie pour tous.