An der Rue Mathias Koener zu Esch gi wärend engem Joer gréisser Renovéierungsaarbechten duerchgefouert.

D’Aarbechten daueren nach bis an den August.

Virun allem ginn d’Trottoirë méi schmuel gemaach. Dat kritiséieren een Deel vun de Awunner aus der Strooss. Se fäerte Konsequenze fir Foussgänger a Leit mat engem Rollstull.

D’Marianne Heinen war laang Zäit mat engem Rollstull gefuer. Bei deenen neien Trottoirë fäert se Konsequenze fir Foussgänger. Eng weider Kritik ass, datt Leit mat engem Vëlo oder enger E-Trottinette dacks um Trottoire fueren an esou Foussgänger a Gefor bréngen.

Am Kader vun den Aarbechten ass och virgesinn, dat d’Parkplaze méi breet gemaach ginn. D’Gemeng hält sech bei den Aarbechten un Reglement. Am Oktober zejoert hat d’Gemeng eng Informatiounsversammlung organiséiert, fir d’Awunner nach besser iwwer d’Aarbechten z’informéieren. An deem Kontext goufen d’Awunner drop higewisen, datt se bei Problemer kënne mat de Leit um Chantier schwätzen.

D’Marianne Heinen hofft an Zukunft op eng besser Liewensqualitéit an hirer Strooss.