Renault wëll an Zukunft just nach Autoe bauen, déi net méi wéi séier wéi 180 km/h fuere kënnen.

Ze héich Vitess wier fir en Drëttel vun den déidlechen Autosaccidenter responsabel, sou de Renault-Chef Luca de Meo e Freideg. Duerfir sollten déi nei Modeller vu Renault an Dacia an Zukunft op 180 km/h limitéiert ginn. De schwedeschen Autoskonstrukteur Volvo hat schonn zejoert sou eng agebaute Vitesslimitatioun agefouert. Renault huet donieft annoncéiert, 10 Joer éischter wéi geplangt, wëllen CO2-neutral ze sinn. Bis 2030 sollen 90% vun den Autoen en Elektro- oder Hybridmotor hunn.