U sech soll e Rond-point dofir suergen, dass de Verkéier besser fléisst. Am US-Bundesstaat Kentucky gesäit et allerdéngs éischter nom Géigendeel aus.

Op wéi enger Spuer fiert ee richteg an de Kreesverkéier? Déi Fro hu sech nawell eng Partie Chauffere gestallt, déi - wéi et schéngt - nach net vill Erfarunge mat Rond-pointe gemaach hunn.

An engem Video, deen den Ament an de sozialen Netzwierker zirkuléiert, ass ze gesinn, wéi eng Abberzuel Automobilisten net eens mam neie System ginn, déi falsch Spuer benotzen oder esouguer a falscher Richtung an de Rond-point erafueren.

Fir manner Verwirrung an Zéifloss géingen op alle Fall Stroosseschëlder suergen. Där stinn den Ament nämlech nach keng op Plaz.