Am éischten Trimester 2021 huet d'Febiac eng grouss Hausse beim Verkaf vun elektresche Gefierer gemaach.

Am meeschte Verkaf hu sech déi sougenannten "Full Hybriden" also Autoen, mat engem Bensin- an Elektromotor.  Si hu ronn 18,4 Prozent vun all de Ween ausgemaach, déi an den éischte Méint 2021 an Europa verkaf goufen, dat ass e Plus vun iwwer 101 Prozent. Am ganze goufen där Ween der 469.784 verkaf.

D'Plug-in-Hybriden maachen dann nach 8,2 Prozent vun der Vente, 208.389 Autoen, aus, déi an deem Beräich esouguer ëm 175 Prozent eropgaangen ass An déi reng Elektroautoe ëmmerhin nach 5,7 Prozent, also 146.185 Autoen. Hei war et eng Hausse vun 59 Prozent.