D'nächst Woch gëtt d'Editioun 2021 vum Vëlosummer dann och presentéiert.

Och dëst Joer gëtt d'Initiative Vëlosummer widderholl - d'Méiglechkeet also, fir Cyclisten am August op gespaarte Strecken a Stroossen flott Vëlos-Tier kënnen ze maachen.

Nom Succès vum leschte gëtt de Vëlosummer also relancéiert an d'Gemengen hate Geleeënheet, hir Proposen an de Ministère fir ëffentlech Bauten eran ze reechen, wou dës dunn gepréift goufen a gekuckt gouf, op d'Stroossen effektiv kënne fir den Autosverkéier gespaart sinn - sief et fir de komplette Summer oder awer punktuell fir eenzel Weekender.

D'Gemenge kruten e Retour mat den touristesche Vëlos-Circuiten, déi um Enn vun de Ministèrë vum Tourissem an der Nohaltegkeet zeréckbehale goufen a kënne bis Enn dëser Woch hir Remarke matdeelen.

D'nächst Woch gëtt d'Editioun 2021 vum Vëlosummer dann och presentéiert.

Dëst preziséieren d'Ministere Bausch an Delles op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Max Hahn.

Hei déi komplett Äntwert op déi parlamentaresch Fro als PDF!