De Maximalpräis fir de Liter 95er Bensin geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 2,2 Cent erop op dann 1,302 Euro de Liter.

Beim Diesel ass et eng Hausse vun 2,6 Cent op dann 1,177 Euro de Liter.

Och de schwiefelaarme Masutt (10 ppm) gëtt méi deier. Vun e Freideg Hallefnuecht u kascht de Liter 0,637 Euro, wat e Plus vun 2 Cent ass.

Donieft klëmmt de Präis vum Äerdgas ëm 1,8 Cent op 0,824 Euro de Kilo.