De gréissere Chantier zu Iechternach wéinst Aarbechten um Stroum- a Gasreseau a den Oachtergäert gëtt ëm eng Woch verlängert.

U sech sollt de Chantier an der Rue des Remparts an der Route de Waasserbillig bis den 11. Juni daueren, ma wéinst Schwieregkeete beim Fräileeë vun de Leitungen huet dëse misste bis den 19. Juni verlängert ginn.

D'Deviatioun leeft iwwert d'Route de Luxembourg an d'Place du Marché. Dat da vun e Méindeg un a béid Richtungen. Betraff sinn awer och d'Buslinnen respektiv de Citybus. Och de Maart, dee fir den 9. Juni geplangt war, fält aus.

De Communiqué vun der Gemeng

Bedéngt duerch Infrastrukturaarbechten an den Oachtergäert an Aarbechten um Stroum- a Gasreseau (CREOS) ginn d’Rue des Remparts an d’Route de Wasserbillig ab dem Méinden, den 31. Mee bis de Freiden, den 11. Juni fir de Verkéiert gespaart. Wärend den Aarbechten ass eng Deviatioun virgesinn. Dës féiert ënner Anerem a béid Richtungen iwwert d’Route de Luxembourg / Place du Marché. De Citybus kann an dësem Zäitraum net op de Busarrête Ste. Croix, Morgenstern a Remparts stallhalen. Den Arrêt Gare Centrale ersetzt den Arrêt Remparts. Merci fir Äert Versteesdemech

Den Update:

Wéinst Schwieregkeete beim Fräileeë vun de Leitungen an der Rue des Remparts muss d’Spärung leider bis den 19. Juni bäibehale ginn. D’Equipe schafft mat Héichdrock dorun, datt d’Spärung schonns éischter opgehuewe ka ginn. Mir halen Iech um Lafenden! Merci fir Äert Versteesdemech. Gemeng Iechternach