Duerch de Vëlo-Boom wärend der Pandemie war déi fréier Editioun vun der Vëloskaart séier vergraff. Eng aktualiséiert Kaart gouf elo lancéiert.

Eng Landkaart fir Vëlosfuerer / Rep. Monica Camposeo

Zanter dem éischte Lockdown sinn däitlech méi Leit op de Vëlo geklomme wéi virdrun. Mam Vëlo op d'Schaff huet zwar e bëssen ofgeholl, weekends sinn d'Zuele vun de Vëlosfuerer awer däitlech geklommen. Dat kann ee mat Hëllef vun engem Compteur an der Stad feststellen. Duerch d'Beléiftheet vum Vëlo ass och d'Demande no enger Landkaart fir Vëlosfuerer an d'Luucht gaangen. Dofir huet ProVelo hir Kaart mat Vëlosweeër aktualiséiert.

Ëmmer méi Leit traue sech op de Vëlo. Direkt wëssen, wou ee fuere kann, ass fir Ufänger awer net ëmmer sou einfach. Fir déi Léit, awer och fir Vëlosfuerer, déi mol en aneren Tour fuere wëllen, gëtt et lo déi nei Oplag vun der Landkaart "Luxemburg by Cycle". Drop verzeechent si souwuel regional wéi och national Vëlosweeër. An och Garen a "Bed and Bikes" sinn hei ze fannen.

"Eis Kaart weist jo, wou fueren ech op der Strooss? Wou fueren ech net op der Strooss? Se weist Héichte-Feiler: Wou geet et biergop? Manner biergop? Méi biergop? A se wéist Distanzen. Dat heescht, et kann een och ganz kloer Kilometere plangen. Dat ass e ganz flotten Outil. Wann Dir wëllt mat Kanner eppes maachen, da sicht der Iech esou eng Streck eraus. Wann Dir wëllt méi schwéier fueren, da sicht Dir Iech eng méi schwéier Streck eraus", sou d'Monique Goldschmit, Presidentin vu ProVelo.lu.

D'Vëlosweeër op der Kaart si ganz aktuell an och d'Stroossen, déi ee gesäit, sinn um neiste Stand. Déi lescht Versioun war vun 2019, hei goufe ganzer 8.000 Stéck verkaf. D'Oplag 2021 gouf elo scho 4.000 Mol gedréckt an ass vun elo un ze kréien. ProVelo wëll mat hirer Kaart also souwuel geüübte Cycliste wéi och nei Leit fir Tier mam Vëlo begeeschteren.

Fir méi Vëlossécherheet an der Stad

D'Vëlospiste géifen ëmmer besser ginn a wiere vill befuer. Un eppes géif et awer nach feelen:

"Wat onbedéngt feelt am Moment, dat ass eben nach eng gutt Beschëlderung. Déi ass awer an der Maach. Do leeft am Moment wierklech e gudde Projet, dass déi ganz Vëlosschëlder endlech solle kommen. Dat ass wierklech ganz wichteg, dass mir eise Reseau gutt ausgeschëldert hunn, fir dass ech och, wann ech keng Kaart hunn, mäi Wee fannen. Och fir dass ech net muss op all Kräizung stoe bleiwen a meng Kaart muss ausfalen oder op mäi Smartphone muss kucken, Geoportail, wou sinn ech grad drun? Mä dass ee wierklech dat esou fënnt."

E weidere Probleem ass deen, dass Vëlosfuerer ëmmer rëm d'Strooss kräize mussen, fir op déi nächst Vëlospist ze kommen. Fir méi Sécherheet ginn et elo zanter e puer Wochen an der Stad sougenannte "Rues cyclables" mat neie Reegelen.

Fir eis ass d'Monica Camposeo op de Suedel geklommen an huet d'Vëlosweeër an der Stad ënnert d'Lupp geholl. Schelle muss ee nawell dacks, wann ee mam Vëlo duerch de Stater Zentrum fuere wëll. Wou vill Leit ënnerwee sinn, stinn der ëmmer rëm gären op der Vëlospist, als Vëlosfuererin heescht dat schellen, bremsen, waarden. Et feelt u Sensibiliséierung, de Vëlo gëtt am Verkéier dacks net matgeduecht. Extra Vëlospiste ginn et der zwar ëmmer méi, anescht wéi an auslännesche Groussstied verlafen déi awer an der Stad net duerch all d'Stroossen. Dat kann e Problem sinn, esou d'Monique Goldschmidt, d'Presidentin vu ProVelo.

"Wien all Dag mam Vëlo fiert, weess jo schonn, wéi eng Weeër ee gutt fuere kann. Bei Leit, déi sech nei wëllen op de Vëlo sëtzen, wier dat net esou. Dowéinst wier et besonnesch wichteg, dass d'Vëlospiste gutt ausgeschëldert ginn. Fir dass sech jidderee wuel fillt, soss géing een och d'Loscht um Vëlo verléieren, wann ee sech onwuel fillt."

Fir dass de Vëlo eng gutt Alternativ zum Auto gëtt an net nëmmen an der Fräizäit genotzt gëtt, brauch et méi Vëlosweeër a méi Sécherheet am Verkéier. Och dofir organiséiert d'Asbl ProVelo e Samschdeg eng Maniff an der Stad. Matmaache ka jiddereen, dee Loscht huet, 6 Kilometer mam Vëlo duerch d'Stad ze fueren. Lass geet et géint 15 Auer um Helleg-Geescht-Plateau.

"Ech mengen, et ass symptomatesch fir de Stellewäert vum Vëlo an der Stad an och doriwwer eraus, dass mir quasi hu misse viru Geriicht goen, fir kënnen eng Vëlosmaniff z'organiséieren. Dobäi geet et eis net nëmmen ëm de Vëlo, mä et geet eis wierklech drëms, dass mir méi Liewensqualitéit a méi Sécherheet fir de Vëlosfuerer kréien. An eng aner Urbanitéit an der Stad ass och ganz wichteg."