De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 2,1 Cent erop op dann 1,198 Euro de Liter.

Den Äerdgas gëtt ëm 1,5 Cent de Kilo méi deier op dann 0,839 Euro de Kilo.

De Präis vum Masutt klëmmt op all kéiers 0,648 Euro de Liter, bei enger Hausse vun 1,1 Cent beim schwiefelfräie Masutt (10ppm), respektiv 1,4 Cent beim schwiefelaarmen (50 ppm).