Um Samschdeg ass an der Stad eng gréisser Maniff, déi vun der ProVelo ASBL organiséiert gëtt.

Et geet drëms, fir op d'Geforen am Verkéier opmierksam ze maachen, mat deenen d'Cyclisten all Dag confrontéiert sinn. Ma scho virun der Protest-Aktioun huet Maniff fir Polemik gesuergt. Den Organisateur, d'Police an d'Buergermeeschtesch si sech net iwwert den Trajet eens ginn.

Am Abrëll huet ProVelo d'Maniff ugefrot, laang hätt ee keng Äntwert kritt. No enger Entrevue mat der Stater Buergermeeschtesch leschte Méinden krut d'ProVelo dunn awer d'Erlabnis fir d'Maniff. Allerdéngs ass d'Associatioun net d'Accord mam Trajet vun der Maniff, dee si vun den Autoritéite virgeschriwwe kruten.

ProVelo wollt iwwert d'Gare an och duerch de Quartier Bouneweg fueren. Dat krut si net autoriséiert. Et wier och just den Trajet, deen net erlaabt ginn ass, seet d'Stater Buergermeeschtesch. D'Maniff selwer gouf ni refuséiert.

D'Maniff start elo um Samschdeg um 15 Auer op dem Helleg-Geescht Plateau. geet dann iwwert d'Nei Bréck, de Boulevard de la Petrusse, dann iwwert d'Al Bréck Direktioun Lampertsbierg